Déi elektresch Mikogefierer gi laut Code de la Route dem Vëlo gläichgestallt, et kann ee se also ënner anerem op der Strooss an op Vëlospisten notzen. Et dierf een domat also net um Trottoir ënnerwee sinn. Eng Rei Equipementer gi virgeschriwwen ewéi Luuchten, eng rout hannen an eng wäiss fir. Säitlech si Reflekteren obligatoresch. Et kéint ee sech och virstellen, d'Luuchten um Helm oder um Rucksak ze installéieren, präziséiert den Alain Disiviscour.
Mikrogefierer ouni Stroum dierfen um Trottoir zirkuléieren
Et ginn och nei Reegelen fir Gefierer déi ouni Stroum fueren:
"Hei schwätze mer generell vun Allem wat ouni Stroum funktionéiert, ewéi Skateboard oder eng Trottinette ouni Elektresch, déi dierfen um Trottoir fueren. Wat sech heibäi ännert ass, datt dat net méi altersofhängeg ass. Dat heescht een Erwuessenen, dee mat esou eppes ënnerwee ass, dierf sech och um Trottoir dermat beweegen, mee en dierf net méi séier ewéi Schrattgeschwindegkeet fueren an e muss oppassen, datt en d'Foussgänger net hënnert, well d'Foussgänger hunn absolut Prioritéit."
Generell gëtt fir jiddweree recommandéiert, datt een op der Strooss visibel gëtt an datt een och een Helm undeet. Blénkluuchten si par konter verbueden.
Nei Campagne 'Respect my space'
Den ëffentleche Verkéier ass limitéiert. Mir mussen kucken datt dee Raum fir all d'Verkéiersteilnehmer opgedeelt gëtt. D'Leit missen een op deen Aneren oppassen, freet den Alain Disiviscour:
"Wann s du laanscht de Vëlo fiers, pass op datt s du genuch Ofstand léis fir dee Vëlo an dass de genuch Ofstand zu Motoen hues. Den Haaptmessage bleift respektéier déi Aner am Verkéier."