Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Fabiana Palladino - I Can't Dream Anymore

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Recommandatioune vun der Santé

Corona-Pandemie

Nei Recommandatioune vun der Santé

Wann ee positiv op de Coronavirus getest gëtt, soll ee sech selwer isoléieren - an net op een Appel vun der Santé waarden. Dat selwecht gëlt fir d'Quarantaine nom Kontakt mat enger Covid-positiver Persoun.

auto_stories

2 min

De Gesondheetsministère huet een Appel lancéiert, datt d'Leit sech selwer an den Isolement beginn, wa se positiv getest goufen. Et soll een dann och déi Leit warnen, déi ee kéint ugestach hunn. Wann ee mat enger Covid-positiver Persoun a Kontakt war, soll ee sech selwer präventiv a Quarantaine setzen. A béide Fäll soll een net waarde bis ee vun der Inspection Sanitaire kontaktéiert gëtt.

D'Equipe vum Contact Tracing kritt positiv Testresultater direkt vun de Laboratoirë matgedeelt: Fir d'Hotline net z'iwwerlaaschten, soll ee sech also net selwer mellen, fir ee positiivt Resultat matzedeelen. D'Equipe géif sech selwer "esou sou séier wéi méiglech" mellen.

Hannergrond ass, datt déi üblech Prozedur wéinst den héijen Infektiounszuelen net méi kann agehale ginn: Am Prinzip solle positiv Fäll séier vun der Inspection sanitaire ugeruff, an doropshi kuerzfristeg och d'Kontakter vun der Covid-positiver Persoun.

Neien Online-Formulaire

Fir den Traçage ze vereinfachen, ginn et zwee nei Formulairen um Site covid19.lu:

  • Wien ee positiivt Testresultat kritt, soll een op dësem Formulaire Leit uginn, déi ee kéint ugestach hunn. Den ausgefëllte Formulaire soll een op d'Adress declarationcovid@ms.etat.lu mailen.
  • Wie mat enger Covid-positiver Persoun a Kontakt war, soll dat iwwer dëse Formulaire mellen.

Wat ass ee Risiko-Kontakt?

Ee Risiko vun enger Ustiechung besteet dem Gesondheetsministère no an dëse Situatiounen:

  • Bei engem Kontakt, ouni Mask, während 15 Minutten an op manner wéi zwee Meter Distanz
  • Bei direktem Kontakt mat infektiéise Sekretioune vun der infizéierter Persoun

D'Santé nennt dës Beispiller, fir Situatiounen an deenen et een héijen Ustiechungsrisiko gëtt:

  • Co-Voiturage ouni Mask
  • Gemeinsam Iessen

Et soll een no engem Risiko a priori sechs Deeg waarden, éier ee sech teste léisst (et sief dann et kritt ee Symptomer, da soll ee sech direkt teste loossen). Virdrun ass d'Resultat net zouverlässeg. Fir den Zäitraum bis zum Test soll ee sech a Quarantaine beginn - an no engem negative Resultat weider genau säi Gesondheetszoustand am A behalen. Wéi ee sech an der Quarantaine soll verhalen, erkläert d'Santé an dësem Dokument.