Radioen

On air

Notturno  |  Joel Vandroogenbroeck - Fairy Tale

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Limitte fir Saisien op d'Paien

Wirtschaft

Nei Limitte fir Saisien op d'Paien

Fir Saisien oder Zessiounen op der Pai, gëllen zënter dem 1. Dezember nei Limitten. Een Zil dovu wier et, de Saiséierte méi finanzielle Spillraum ze loossen, esou d'Viviane Loschetter, Presidentin vun der Chamberjustizkommissioun. Et misst een en Equiliber ze fannen, tëscht de Rechter vum Creancier an dem Saiséierten. Ginn déi nei Limitten duer, fir de System méi gerecht ze maachen?

auto_stories

3 min

Déi meescht Leit hu méi Creancieren. Foto: Bigstock

Leit, déi engem anere Sue schëlleg sinn, kënne vum Friddensriichter eng Saisie op d'Paie gemaach kréien. Dat bedeit, datt all Mount ee Montant direkt vun der Pai ofgehale gëtt. D'Montanten, déi am Fall vun enger Saisie op der Paie gëllen, waren zënter 2002 net méi un d'Inflatioun ugepasst ginn: D'Adaptatioun ass d'lescht Woch a Kraaft getrueden. Si géif de Saiséierten een Deel vun hirer Kafkraaft zréck ginn, esou d’Presidentin vun der Chamberjustizkommissioun Viviane Loschetter. Vill Leit hätten nämlech opgrond vun der Inflatioun méi Sue saiséiert kritt, wéi d'Reglement et virginn hätt, esou déi gréng Fraktiounscheffin.

Wéi vill gëtt saiséiert?

De Montant vun der Saisie op d'Paie setzt sech aus fënnef Tranchen zesummen. Déi éischt Tranche bis 550 Euro konnt bis elo net saiséiert ginn. Dëse Montant gëtt mat der Neiregelung op 722 Euro eropgesat. D'Montante vun den anere véier Tranchen ännere mat. Déi fënneft Tranche gouf vun 1.750 op 2.296 Euro fixéiert. Doduerch géif deen Deel vun der Pai, dee ka saiséiert ginn, méi kléng ginn, erkläert d'Martine Mierkes, vun der Chambre des Salariés.

De Salarié bräicht déi éischt Tranche vu senger Paie fir ze liewen, dofir géif näischt dovun zréck behale ginn. Op där zweeter Tranche géifen 10 Prozent, op där Drëtter 20 an op där véierter Tranche 25 Prozent zréckbehale ginn. Vun engem gewëssene Montant u kéint alles vum Salaire ewech geholl ginn,"fir dem Creancier dat zoukommen ze loossen", esou d'Martine Mierkes.

D'Ännerung vun de Montante soll deene Betraffene méi Sputt ginn. Dozou e kuerzt Rechebeispill. Am ale System huet eng Persoun, déi 3.000 Euro netto de Mount verdéngt, nach op d’mannst 1.260 Euro Recht behalen, fir hir Liewenskäschten ze finanzéieren. Mam neie System klëmmt dës Zomm ëm bal 400 Euro op 1.652 Euro.

"Si kréie keng Loft méi"

Dem Affekot François Delvaux no ass et an der Praxis awer dacks esou, datt eng Persoun net nëmmen eng, mee méi Saisië gläichzäiteg op der Pai huet. "Si hu vill Creancieren, mat ville Scholden, mat eventuell héije Beträg." An deem Fall missten d'Saisien op d'Pai tëscht all de Creancieren opgedeelt ginn. Da géif fir deen eenzelen net vill iwwereg bleiwen. "D'Creanciere gesinn net den Enn vum Tunnel."

Ob mam alen oder mam neie Gesetz - et hätt een eng Situatioun, déi weder fir de Salarié, nach fir d'Creancieren zefriddestellend wier, fënnt de François Delvaux. De verschëlte Salarié misst iwwer eng laang Period mam finanzielle "minimum vital" liewen. Dee wier zwar mam neie Reglement eropgesat ginn, mee "'Leit ginn ënnert deene ville Saisien ënner", bedauert den Affekot. "Si kréie keng Loft méi, mam Resultat, datt si sech soen, datt et kee Wäert méi huet, fir iwwerhaapt schaffen ze goen." An da géife si demissionéieren, esou de François Delvaux.

Montante sollen indexéiert ginn

D'Chambre des Salariés ass zefridden, datt d'Tranchë vum Montant, deen direkt vun der Pai ofgehale gëtt, mam Gesetz gehéicht goufen. D'CSL fuerdert awer weider, datt d'Montanten automatesch sollen indexéiert ginn. D'Evolutioun vun de Salairë misst als Critère zréckbehale ginn, fir d'Tranchen an Zukunft ze berechnen, esou d'Martine Mierkes vun der Chambre des Salariés. Déi éischt Tranche, déi de Salarié géif behalen, misst dem Niveau vum RMG entspriechen.

De Christian Schumacher vum Informatiounsservice fir Iwwerverschëldung vun der Ligue médico-sociale ass och där Meenung. Hie proposéiert dernieft, datt d'"pension alimentaire" fir d'éischt ofgehale soll ginn, an duerno eréischt op d'Pai saiséiert gëtt.

Der Presidentin vun der Chamberjustizkommissioun Viviane Loschetter no, géif och ee Projet de loi fir e Saisiesgesetz virleien. Dee Projet wier awer zéng Joer al. Vill vun de Propositioune wieren net méi zäitgeméiss. Wann een en neit Saisiesgesetz wéilt hunn, da misst een dat komplett frësch schreiwen, esou déi gréng Fraktiounscheffin.