An der Europäescher Unioun soll den Undeel vu Wand-, Waasser-, oder Sonnenenergie méi séier wuesse wéi bis elo geplangt.
Lëtzebuerg muss zouleeën
De Lëtzebuerger Energieminister huet den Accord begréisst. Et wier gutt, datt d'Ziler op europäeschem Niveau elo ëm zéng Prozent eropgesat solle ginn, sou de Claude Turmes.
Sengem Ministère no louch den Undeel vun erneierbaren Energien am Grand-Duché am Joer 2021 bei 11,7 Prozent. Dat sinn déi lescht Chifferen déi virleien.
Fir dat europäescht Zil vun 42,5 Prozent bis 2030 ze erreechen, misste bis dohin zu Lëtzebuerg 35 Prozent vun der Energie aus erneierbare Sourcë kommen, sou de Ministère. Dat wieren also dräi Mol souvill ewéi elo an och zéng Prozent méi ewéi aktuell am Nationalen Energieplang festgehale goufen.
D'Europäesch Kommissioun an d'Europaparlament hate sech fir nach méi een ambitiéist Zil agesat. D'Memberlänner waren domat net d'accord.
Biomass aus Holz gëllt weider als erneierbar Energie
An där neier Direktive sinn och Ziler fir eenzel Secteure wéi Industrie, Verkéier a Gebaier festgehalen.
Frankräich hat sech dofir agesat, datt d'Atomkraaft bei den Ziler fir erneierbar Energien dierf ugerechent ginn. Dat gouf esou net festgehalen.
Eng kleng Ausnam gëtt am Industriesecteur gemaach, wou bis zu engem Fënneftel vum erneierbare Waasserstoff duerch Hydrogène, dee mat der Hëllef vun Atomkraaft hiergestallt gouf, kann ersat ginn.
Datt Atomkraaft iwwerhaapt eng Roll spillt hunn Ëmweltverbänn kritiséiert. Och, datt Biomass aus Holz deenen neie Reegelen no weider als erneierbar Energie gëlle soll. Dat wier eng katastrophal Noriicht fir de Bësch, sou déi gréng am Europaparlament.