Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Khruangbin - Pon Pón

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Covid-Mesurë kéinten zu Undrang bei Hausdoktere féieren

Covid-19

Nei Covid-Mesurë kéinten zu Undrang bei Hausdoktere féieren

D'Isolatiounsdauer am Fall vun engem positiven Test geet op véier Deeg erof, en Hausdokter kann de Krankeschäin da verlängeren. Dat kéint zu engem Undrang bei den Hausdoktere féieren, mengt den Dr. Jean-Paul Schwartz vum Cercle des Médecins Généralistes.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Wa Covid-Patient:innen no véier Deeg Isolatioun nach weider Symptomer hunn an nach net kënne schaffe goen, solle se Kontakt mat sengem Hausdokter ophuelen fir de Krankeschäin verlängeren ze loossen. Dat awer am beschten nëmmen iwwer Téléconsultatioun.

Eng Consultatioun an der Praxis wier och no véier Deeg Isolatioun net méiglech, well een net wéisst, wéi ustiechend eng Persoun dee Moment nach wier, erkläert den Dr. Jean-Paul Schwartz. Verschidde Patient:inne géifen d'Covid-Infektioun nämlech "ganz schlecht" verdroen.

Et wier een deemno op eng Téléconsultatioun ugewisen. Wann d'Patient:innen zwee Deeg hannereneen een negative Schnelltest hunn, kéinte se an d'Praxis kommen a se géifen och ënnersicht ginn. Wann et misst sinn, géife se dann och krankgeschriwwe ginn.

D'Mask weider undoen

Dee ganzen Oflaf wier awer zäitopwänneg, betount den Dr. Jean-Paul Schwartz. Datt de Krankeschäin da vum Hausdokter iwwer déi véier Deeg eraus verlängert gëtt, setzt och e puer Konditioune viraus:

"Éischtens e positiven Test, ee PCR-Test wa méiglech, dee mussen se eis da mailen, [...] dat ass mol d'Basis vun der Verlängerung. An dann d'Beschreiwung vun de Symptomer, déi mir da musse beurteelen. Ech mengen en dréchenen Houscht an e negative Covid-Test, dofir muss een net doheem bleiwen,da kann een e Sirop huelen an da geet ee schaffen."

Den Dr. Jean-Paul Schwartz recommandéiert iwwerdeems wärend zéng Deeg no engem éischte positiven Test oder éischte Symptomer d'Mask ze droen. Dat wier zwar fräiwëlleg, géif awer a gewëssen Direkten drastoen.

Weider appelléiert hien un d'Solidaritéit vun de Leit fir d'Infektiounschaîne ze ënnerbriechen andeems si selwer op sech an anerer oppassen.