Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Corona-Variant: wéi ass se wëssenschaftlech anzeuerdnen?

Virologie

Nei Corona-Variant: wéi ass se wëssenschaftlech anzeuerdnen?

Déi nei Covid-Variant B.1.1.529 gouf gëschter vu südafrikanesche Fuerscher public gemaach. Fir de Virolog Claude P. Muller kënnt dës Variant zu engem besonnesch ongënschtege Moment.

auto_stories

1 min

De Prof. Dr. Claude P. Muller ass Virolog a schafft beim Luxembourg Institute of Health (LIH)

Fir déi nei Variant gëllt et aus epidemiologescher Siicht dräi Facteuren ze betruechten: d'Infektiositéit vun der Variant, wéi schwéier se krank mécht, a wei gutt se sech duerch d'Impfstoffer neutraliséiere léisst. Bei dëser Variant geet Rieds vu méi Mutatioune wéi bei anere Varianten. Den Effekt dovu misst een elo analyséieren, esou de Claude Müller.

En ongënschtegen Zenario, esou de Virolog, wier wann sech elo zum Beispill d'Mutatioune vun der Delta-Variant mat Transmissibilitéit mat Mutatioune vun der Beta-Variant - déi, bei deem d'Impfstoffer am mannste schützen, géife kombinéieren.

Déi nei Variant kéim zu engem besonnesch ongënschtege Moment: iwwer d'Wanterméint géingen d'Leit sech méi dobannen ophalen, a wärend de Feierdeeg méi soziale Kontakt fleegen. Wann d'Verhale vun de Leit sech géif änneren a gläichzäiteg eng nei Variant géing optauchen, da wéisst een net ëmmer genau, ob d'Neiinfektiounen op eng méi héich Infektiositéit vun der Variant zeréckzeféiere sinn.

D'Politik wier elo besonnesch gefuerdert fir virsiichteg ze sinn, esou d'Aschätzung vum Virolog. Et gëllt net just d'Optriede vun der Variant ze betruechten, mee besonnesch wéi si sech verbreet. Dono missten d'politesch Decisiounen sech riichten.