Nei Budgetsprozedur fir 2015: McKinsey beréit Regierung

Beim Ausschaffe fir eng nei Methodik fir de Staatsbudget vum nächste Joer wëll d’Regierung sech 100,7-Informatiounen no vun externe Consultante berode loossen. McKinsey krut den Optrag fir déi éischt Phase, deemno fir d’Preparatioun vun der Prozedur. An enger zweeter Etapp soll en Aarbechtsgrupp agesat ginn, mat enge 50 concernéierte Beamten aus alle Ministèren. Deen Aarbechtsgrupp soll och vun engem externe Consultant begleet gi : vu wéi engem, dat gëtt enger gutt informéierter Source no ausgeschriwwen. A Koalitiounskreesser gëtt ënnerstrach, datt déi extern Consultante keen Optrag kréiche fir no Spuerpotential ze sichen. Et géif reng em d’Methodik goen. D’Regierung huet sech am Koalitiounsaccord d’Zil gesat, fir d’Bugetsprozedur ze moderniséieren.

De Bäitrag vum Jean-Claude Franck :

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen