Nei Anti-Terror-Gesetzer no Attack zu Wien
Zwou Wochen no der terroristescher Attack zu Wien versicht déi éisträichesch Police weider d'Ëmstänn ze klären. Géint 21 méiglech Mattäter gëtt ermëttelt, zéng dovu setzen an Untersuchungshaft. Den Ugräifer selwer gouf bei dem Attentat vun der Police erschoss. Fir esou Attacken an Zukunft ze verhënneren, wëllt d'Regierung zu Wien elo d'Gesetzer verschäerfen. Dat stéisst awer op Kritik.
Wéi koum den Attentäter an den Zentrum vu Wien, a wou huet hie Waffen a Munitioun hier? Dat sinn déi zwou grouss Froen, deenen d'Ermëttler den Ament nach noginn. Doriwwer eraus gëtt sech an Éisträich d'Fro gestallt, ob d'Attack net hätt kënne verhënnert ginn.
De spéideren Ugräifer souz schonn am Prisong, well hie versicht hat, sech dem IS unzeschléissen an dobäi an der Tierkei gestoppt gouf. No senger Ausliwwerung an Éisträich gouf hie verurteelt, koum awer méi fréi eraus, ënner der Konditioun, datt hien un engem Deradikaliséierungsprogramm deelhëlt.
Informatioune goufen net iwwermëttelt
Mataarbechter vun deem Programm hunn den Täter nach kuerz virun der Attack als net geféierlech agestuuft. Eng Aschätzung, déi wuel anescht ausgefall wier, wa si gewosst hätten, datt hie schonn am August versicht huet an der Slowakei Munitioun ze kafen.
Den éisträicheschen Inlandsgeheimdéngscht BVT huet dës Informatioun vun hire slowakesche Kolleegen awer net un d'Justiz weiderginn. Och huet de spéideren Täter zwou Persoune getraff, déi zu deem Ablack ënner der Observatioun vum BVT stoungen. Trotz all deem gouf den Täter zur Zäit vun der Attack net méi observéiert.
Regierung proposéiert Mesuren
Wéi et zu all deene Feeler komme konnt, soll elo eng Experte-Kommissioun klären. Op d'Conclusioune vun där Kommissioun wollt déi éisträichesch Regierung awer net waarden an huet schonn e leschte Mëttwoch eng Rei Anti-Terror-Mesurë presentéiert. Esou soll et zum Beispill méiglech ginn, verurteelt Terroristen och no hirer Prisongsstrof anzespären, wa si weiderhin als geféierlech agestuuft ginn.
A wa si ënner Oplage méi fréi fräikommen, da solle si eng Foussfessel kënne kréien. Doriwwer eraus setzt sech Éisträich op europäeschem Plang dofir an, datt Messenger-Appen, wéi zum Beispill Signal oder WhatsApp, besser iwwerwaacht kënne ginn.
D'Detailer zu all dëse Mesurë ginn zwar eréischt ausgeschafft. Fir déi konservativ Regierungspartei ÖVP ginn heimat awer Mesuren ëmgesat, déi si scho méi laang fuerderen. Hire Koalitiounspartner, déi Gréng, ass dogéint beméit ze berouegen. Et géif deemno net rieds goe vun enger Preventivhaft, an et géif een och alles maachen, fir datt déi geplangte Mesuren am Accord mat der Verfassung an der europäescher Mënscherechtskonventioun stinn.
Kritik un de Mesuren
Trotzdeem gëtt et vill Kritik. Esou hätt d'Attack virun zwou Wochen och mat de bestoende Gesetzer kënne verhënnert ginn, wann et net zu enger Rei Panne komm wier. Verschidde Juristen hunn och ugezweiwelt, ob déi ugekënnegt Mesurë verfassungskonform wieren.
Elo scho gëtt et an Éisträich a verschiddene Fäll d'Méiglechkeet fir Verurteelter iwwer hir regulär Prisongsstrof eraus anzespären. Allerdéngs feelt et deenen dofir zoustännegen Institutiounen elo schonn u Capacitéiten, a si wiere primär op psychiatresch Fäll ausgeluecht, esou eng weider Kritik.