Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Aldous Harding - The Barrel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Nees Nazien am Reichstag"

Reaktioun op Bundestagswahlen

"Nees Nazien am Reichstag"

70 Joer nom Enn vum Krich géifen nees rietsextrem Gedanken an Däitschland propagéiert ginn, seet de Jean Asselborn. All déi demokratesch Parteie misste sech elo géint d'AfD wieren.

auto_stories

1 min

Jean Asselborn

Et wieren nees Neonazien am Däitsche Bundestag vertrueden, zitéiert d'DPA den Ausseminister Jean Asselborn. "Dat ass eng staark Reaktioun, mä dat ass d'Realitéit", seet de Jean Asselborn um radio 100,7. Et wier e Fait, datt 70 Joer nom Zweete Weltkrich nees Nazien am Reichstag wieren. D'AfD wier net eng Partei wéi déi aner.

"Et ass a mengen Aen d'Aufgab vun allen demokratesche Parteien an Däitschland, ob si an der Regierung sinn oder an der Oppositioun, datt dat do net Mainstream gëtt. Datt sech do dogéint gewiert gëtt."

An Zäite vu Krich a Syrien an Irak, Instabilitéit am Osten, Flüchtlingen an Terrorismus hätt d'Spill mat der Angscht vun der AfD Friichte gedroen. Et wier extrem schwiereg fir als Partei géint deen Trend dogéint ze halen, wann een an der Regierung wier. Et géif net duergoen, elo just deenen anere Parteien d'Schold ze ginn.

D'Decisioun vun der SPD fir an d'Oppositioun ze goe wier richteg, seet de Jean Asselborn. "Et däerf net sinn, datt d'AfD déi éischt Oppositiounspartei am Bundestag ass." D'Sozialiste missten een neien Ulaf huelen.

Jean Asselbornplay_arrow