Radioen

On air

Notturno  |  Daily Vacation - Circles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nationaalt Matsproocherecht fir d'Elteren

Educatioun

Nationaalt Matsproocherecht fir d'Elteren

Am Februar soll déi éischt national Eltererepresentatioun fir dräi Joer gewielt ginn. Zil ass et, d'Elteren an d'Reforme ronderëm d'Educatioun matanzebezéien.

auto_stories

2 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / Barbarusha

D'Eltere sollen an de legislative Prozess ronderëm d'Educatioun mat agebonne ginn, erkläert den Educatiounsminister Claude Meisch. Déi national Elterevertriedung wäert opgeruff ginn, Avisen ofzeginn zu Gesetzesprojeten a kënne vum Ministère consultéiert ginn. Si sollen och um Bildungsdësch deel huelen.

Fir de Marco Fallini, President vun der Elterevertriedung vum Lycée Michel Lucius, ass dësen neie Gremium en Challenge, deen net einfach wäert sinn.

Vertrieder aus de verschiddene Secteuren

Am Februar sinn déi éischte Kéier Wahlen. Dat neit Berodungsorgan soll aus 12 Representante bestoen: véier Vertrieder aus dem Fondamental, sechs aus dem Secondaire an zwee aus der Educatioun différenciée. Déi 12 Representante ginn aus de sougenannte sektoriellen Elterevertriedunge gewielt. De Luc Weis vum LIST erkläert, datt et dräi grouss Secteure gëtt:

  • Den Enseignement fondamental, déi lokal Elterevertriedungen hunn
  • Am Lycée ginn et Comité de parents
  • Am Centre de Compétence, wou et Comité de parents gëtt

Déi dräi Secteuren hätten doduerch lokal Stëmmen, déi iwwer de sektorielle Wee zesumme géife kommen.

Den Austausch fërderen

Déi gewielten Eltere sollen duerno encadréiert ginn, zum Beispill duerch Atelieren, déi nei Elterevertrieder sollen initiéieren. Dobäi kënnt den Austausch mat der Direktioun, fir de lokalen Niveau ze stäerken.

Iwwer eng Kommunikatiounsplattform Elteren.lu an iwwer Facebook sollen d'Eltere sech austauschen, erkläert de Luc Weis. Fir datt esou vill Eltere wéi méiglech matmaachen, start den Educatiounsministère eng Campagne. Aacht Stonne sollen engagéiert Elterevertrieder am Joer fir hiert Engagement am nationale Gremium fräigestallt ginn.