Radioen

On air

Resonanzen  |  Fun! Mam OCL

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nancy Braun: Esch 2022 soll Piste leeë fir sech weider ze entwéckelen

Esch 2022

Nancy Braun: Esch 2022 soll Piste leeë fir sech weider ze entwéckelen

Esch2022 géif e Succès gi wann nohalteg eppes bleift: dofir schwätzt d'Nancy Braun och léiwer vun engem Projet wéi vun engem Kulturjoer, well et eben net mam 31. Dezember soll eriwwer sinn. Am 100,7-Interview weist si sech optimistesch, datt dat och funktionéiert.

auto_stories

1 min

D'Nancy Braun ass Generaldirektesch vun Esch 2022

Esch 2022 soll Piste leeë fir sech dono weider ze entwéckelen, mengt d'Nancy Braun: "Et sinn Initiative geholl ginn, sief et um kulturelle Plang, awer och um touristesche Plang, um Nohaltegkeetsplang, déi elo schonn initiéiert gi sinn an déi sech duerno solle weider entwéckelen a weider droen."

No de villen negative Schlagzeilen am Virfeld wier elo eng flott Dynamik entstanen. Déi meescht vun den 160 Projete wieren och finanziell ofgeséchert, just bei 20 géif nach en Deel vum Budget feelen.

Kultur fir jiddwereen

D'Konzept vun enger Kulturhaaptstad wier, datt et weder eng Konscht-Biennale nach eng Kiermes wier.

"Et ass am Fong eppes do dertëscht: Kultur ganz breet geduecht, fir datt een och wierklech déi ganz Populatioun vun enger Regioun - awer net nëmmen, mee och Touristen - kann an d'Regioun bréngen a vum Programm profitéiere loossen."

D'Originalitéit vun Esch 2022 besteet jo doran, datt all d'Südgemenge matmaachen, all Mount gëtt eng aner an de Fokus geréckelt: Käerjeng mécht do den Ufank. Et kommen och aacht franséisch Grenzgemengen zum Zuch.

D'Ouverture vun Esch 2022 ass a gutt siwe Wochen, de 26. Februar mat engem grousse Fest am Zentrum vun Esch an um Belval. Bis Enn Dezember sinn eng 2.000 Evenementer geplangt, seet d'Nancy Braun.