Schonn Ufank d'nächst Joer kéinten zu Gréiwemaacher um Potaschbierg IRM-Scannen an enger privater Praxis ugebuede ginn.
De Maacher Buergermeeschter Léon Gloden huet eis confirméiert, datt ee privaten Investisseur a senger Gemeng en IRM-Scanner kaaft huet an och d'lescht Woch scho geliwwert krut. De Radiologieszentrum an de Scanner hätten déi néideg Autorisatiounen, elo géing de Ball bei der Gesondheetsministerin leien, esou de Léon Gloden. D'Paulette Lenert misst séier eng Solutioun fir d'Remboursementer duerch d'CNS ze fannen.
D'Gesondheetsministesch sot eis allerdéngs op Nofro hi si kéint net garantéieren, datt d'CNS schonn ufanks d'nächst Joer IRM-Scannen a private Praxe géif rembourséieren. Dat wiere lafend Aarbechten um Gesondheetsdësch, mee fir den Ament géif et "keen neie Moment" an deem Dossier, esou d'Paulette Lenert.