Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Muss Onvernonft an der Corona-Zäit méi haart bestrooft ginn?

Däitschland

Muss Onvernonft an der Corona-Zäit méi haart bestrooft ginn?

Am bayresche Garmisch-Partenkirchen war eng Superspreaderin ënnerwee. Déi jonk Fra muss elo mat juristesche Konsequenzen an enger Geldstrof rechnen. Déi bayresch Autoritéite wëllen elo en Exempel statuéieren.

auto_stories

2 min

Garmisch-Partenkirchen, um Wupp vun de bayreschen Alpen, ass fir säin Tourismus bekannt. Am Summer kommen d'Wanderer, wa bis Schnéi läit dann d'Wantersportler an d'Schisprénger. Wien awer sou vum Tourismus ofhängeg ass, muss an der Corona-Zäit natierlech besonnesch gutt oppassen.

Am Fréijoer huet Garmisch intensiv u sengen Hygiènes-Konzepter geschafft. A nach am Juni sot d'Buergermeeschterin Elisabeth Koch vun der CSU, si géif sech keng Suerge maachen, datt Garmisch zu engem Superspreader kéint ginn - wéi zum Beispill dat éisträichescht Ischgl am Wanter.

Egoismus féiert zu Infektiounen

Elo war et sou wäit. Wéi d'Gesondheetsamt vu Garmisch lescht Woch eng Warnung wéinst erhéichter Infektiounsgefor erausginn huet, ass Panik opkomm. Eng jonk Amerikanerin, déi zu Garmisch lieft a schafft, huet sech trotz Symptomer an enger ausdrécklecher Opfuerderung, a Quarantän ze bléiwen, einfach an d'Nuetsliewe gehäit. An dat, obwuel si op d'Resultat vum Test gewaart huet.

No zwee Owender um Tour, mat ville Begéinungen a mat engem Karaoke-Owend an engem volle Club, koum dunn d'Testresultat - positiv.

Innerhalb vun e puer Deeg goufen aus deem enge Fall der e puer Dosen, sou datt Garmisch de Seuil vu 50 Neiinfektioune bannen de leschte siwen Deeg locker iwwerschratt huet. D'Autoritéiten hu reagéiert, d'Liewen zu Garmisch bis op mannst Enn dëser Woch ageschränkt, Touriste sinn ofgereest - an iwwer de Weekend hu sech iwwer dausend Leit missen teste loossen.

E Präzedenzfall?

"Garmisch-Partenkirchen ist ein Musterbeispiel für Unvernunft", sot de bayresche Ministerpresident Markus Söder. An effektiv geheit de Fall Garmisch alt nees d'Fro no der Vernonft op. D'Efforte vun engem groussen Deel vun der Bevëlkerung kënnen innerhalb vun engem Owend vun onraisonnabele Mënsche futti gemaach ginn. Sief et, well eng infizéiert Persoun de Risiko ageet, trotzdeem feieren ze goen; oder well ee sech weigert, eng Mask unzedoen.

De Münchener Parquet huet elo eng Investigatioun géint déi jonk Fra lancéiert. Si riskéiert wéinst virsätzlecher Kierperverletzung bis zu dräi Joer Prisong, an donieft och eng seriö Geldstrof wéinst dem Verstouss géint d'Quarantän-Mesuren.