Radioen

On air

Notturno  |  Luke Temple - Don't Call Me Windy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Muss et ëmmer ee PCR-Test sinn?

Corona-Pandemie

Muss et ëmmer ee PCR-Test sinn?

Zertifiéiert Schnelltester ginn duer, fir eng Ordonnance fir den Isolement vun der Santé ze kréien a fir sech um sechsten Dag vun enger Quarantän fräi ze testen. Dës Tester hunn awer och Nodeeler.

auto_stories

3 min

Eng Persoun kritt ee PCR-Test gemaach (Symbolbild). Foto: Unsplash

Wien net laang wëllt op ee PCR-Test vun engem Labo waarden, kann amplaz och een zertifiéierte Schnelltest, zum Beispill an enger Apdikt, maachen.

Esou een Test geet duer, fir eng Ordonnance fir den Isolement vun der Santé ze kréien, an och fir sech um sechsten Dag vun enger Quarantän fräi ze testen, seet d'Cheffin vun der Inspection Sanitaire, d'Dokter Anne Vergison.

D'Zouverlässegkeet vun engem Schnelltest, dee vun engem "Professionnel de Santé" gemaach an zertifiéiert gouf, wier grouss genuch, fir als Alternativ vum PCR-Test a Fro ze kommen. Positiv Resultater gi bei zertifiéierten Tester automatesch un d'Inspection sanitaire gemellt, d'selwecht wéi d'Laboratoiren dat bei PCR-Tester maachen.

Anescht wéi PCR-Tester mat Ordonnance ginn déi zertifiéiert Schnelltester net vun der Gesondheetskeess rembourséiert. An et kritt ee kee Certificat de rétablissement: Dofir muss een e PCR-Test maachen, well eng europäesch Direktiv dat esou virschreift, seet d'Anne Vergison.

Vum Selbsttest zum offiziellen Testresultat

Wiem säi Schnelltest doheem positiv ass, muss sech d'Resultat duerch ee PCR-Test oder een zertifiéierte Schnelltest confirméiere loossen. Eng Ordonnance fir ee PCR-Test kritt een der Anne Vergison no bannent manner wéi enger Stonn geschéckt, wann een dësen Online-Formulaire ausfëllt.

Alternativ kann ee sech d'Resultat, wéi uewen erkläert, och iwwert een zertifiéierte Schnelltest confirméiere loossen.

Contact Tracing: Eegeninitiativ a Gedold verlaangt

De Contact Tracing ass wéinst de ville Covid-Infektioune weider ënner Drock. Infizéiert Leit kënnen net alleguer ugeruff ginn: Eng 800 Uriff den Dag kritt de Service mat sengen 300 Mataarbechter den Ament gestäipt, esou d'Cheffin vun der Inspection Sanitaire.

Amplaz op een Uruff ze waarden, gëtt recommandéiert sech selwer online ze deklaréieren. Fir déi Demarche brauch een eng sougenannte Referenznummer: Dëse Code verschéckt d'Santé per SMS. Dat geschitt gewéinlech bannent e puer Stonnen nodeems ee Labo oder eng Apdikt ee positiivt Testresultat mellt, esou d'Anne Vergison.

D'Leit wieren dacks ongedëlleg a géife mengen, de Code vum Labo géif duergoen, fir seng Auto-Deklaratioun ze maachen - et misst een awer op d'SMS vum Contact Tracing mat der Referenznummer waarden. An Eenzelfäll géif déi SMS net ukommen, zum Beispill, well eng Telefonsnummer falsch am System stoung. Déi Problemer géifen da behuewe ginn, wann d'Leit reklaméieren, esou d'Anne Vergison.

Selwer isoléieren a Kontaktpersoune mellen

No der Online-Deklaratioun dauert et ee bis dräi Deeg bis een seng Ordonnance fir den Isolement per Mail geschéckt kritt. D'Recommandatioun ass, fir net op déi Ordonnance ze waarden, fir sech doheem ze isoléieren.

Bei der Online-Deklaratioun soll een och d'Persounen uginn, déi ee kéint ugestach hunn. Mat der Referenznummer vum Infizéierte kënne Kontaktpersounen sech awer och selwer online beim Tracing mellen. Just net geimpfte Kontaktpersoune mussen dann an eng Quarantän. Hei géif et tëscht 24 an 48 Stonnen daueren, bis si hir Ordonnance geschéckt kréien, seet d'Anne Vergison.

Geimpfte Kontaktpersoune mussen net a Quarantän - deemnächst sollen awer och si vum Contact Tracing per E-Mail een Hiweis kréien, datt si méi virsiichteg solle sinn, erkläert d'Anne Vergison. Zum Beispill andeems een seng Kontakter limitéiert, eng FFP2-Mask dréit a sech méi dacks selwer test.

Wann een sech net auto-deklaréiert

Wann een sech no engem positiven Test net online mellt, gëtt een no véier Deeg vum Contact Tracing kontaktéiert. Jee nodeems wéi eng Kontaktdonnéeë virleien, kritt een da just d'Ordonnance fir den Isolement per Post geschéckt.