Radioen

On air

De Moien  |  Arlo Parks - Blades

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Multinational Konzerner erklären hir Steierpraktiken am Europaparlament

LuxLeaks

Multinational Konzerner erklären hir Steierpraktiken am Europaparlament

Vertrieder vun eelef multinationale Konzerner waren dës Woch am Europaparlament fir hir Steierpraktiken z'erklären. Dass et iwwerhaapt zu dëser Froeronn komm ass, gëtt als Succès fir d'Politiker bewäert. Mee den Inhalt vun der Auditioun war moer. De Co-Rapporter Michael Theurer hofft, dass eng Verlängerung vum Mandat vun der Spezialkommissioun "Taxe" erlaabt, fir méi erauszefannen. Och den EU-Kommissiounspresident Juncker soll a sengen Aen nach emol gehéiert ginn.

auto_stories

4 min

©Europaparlament

"Konservativ" Steierstrategie op de Cayman-Inselen

"Mir bezuelen e faire Bäitrag". Dat hunn d'Vertrieder vun den eelef Konzerner an der Auditioun virun der Spezialkommissioun "Taxe" ëmmer nees betount. D’Kommissioun beschäftegt sech an der Suite vun de LuxLeaks-Revelatioune mat de Lacunne vun der Betribs-Besteierung an der EU. D'Entreprisë kruten ënnert anerem d'Fro gestallt, firwat si grouss Deeler vun hire Revenuen a Steierparadäiser transferéieren amplaz d'Steieren do ze bezuelen, wou och hir economesch Aktivitéite sinn.

Wann eng Firma sech wëll international opstellen, wier et am einfachste Revenuen am Beräich vun der intellektueller Proprietéit op de Cayman-Inselen ze besteieren, huet d'Delphine Reyre vu Facebook erkläert. Hir Firma géif de selwechte Modell benotzt wéi Google benotzen - mam Ënnerscheed, dass Google seng Lizenz-Revenuen op d'Bermuda-Inselen transferéiert. "Dëst ass een typesche Modell an also keng kreativ, mee eng konservativ Steierstrategie", sou d'Delphine Reyre.

Auditioun war eng "Farce"

Déi eelef Konzerner hu laang refuséiert an d'Europaparlament ze kommen. Réischt wéi verschidde Fraktioune refuséiert hunn, sech iwwerhaapt nach mat Vertrieder vun dësen Entreprisen ze treffen, hunn se enger Auditioun zougestëmmt. Um Enn kruten d'Europadeputéiert awer wéineg konkret Äntwerten op hir Froen. Eng britesch Europadeputéiert vun der grénger Fraktioun huet d'Auditioun als "Farce" bezeechent huet. De liberalen Europadeputéierten a Co-Rapporter vun der Spezialkommissioun "Taxe" stëmmt där Analys am 100,7-Interview zou. "Trotzdem ass et ee wichtege Schrëtt", sou de Michael Theurer. Hien hofft awer, dass déi viraussiichtlech Verlängerung vum Mandat vun der Spezialkommissioun "Taxe" erlaabt, fir zousätzlech Auditiounen ze maachen.

D'Europaparlament wëll nämlech weider iwwer d'Steieroptiméierung vu multinationale Konzerner enquêtéieren: D'Mandat vun der zoustänneger Spezialkommissioun gëtt viraussiichtlech verlängert. D'Europadeputéiert missten dann endlech Accès zu alle wichtegen Dokumenter kréien, sou d'Fuerderung vum Rapporter.

Juncker kéint nach emol gehéiert ginn

Den EU-Kommissiounspresident a fréiere Premier Jean-Claude Juncker soll dem Michael Theurer no nach emol gehéiert ginn. Bei senger éischter Auditioun hat de Jean-Claude Juncker behaapt, hien hätt ee Passage iwwer d'Risike vun de sougenannte Steierrulingen aus engem Rapport vu 1997 ni gesinn. Dat stoung am Widdersproch zu Aussoe vum Auteur vum Rapport, dem fréieren LSAP-Wirtschaftsminister Jeannot Krecké. Dat ass och beim Rapporter vun der Spezialkommissioun net gutt ukomm: "Dat geet guer net, dass dem Europaparlament inkorrekt geäntwert gëtt." De Jean-Claude Juncker hätt awer "sou just nach d'Kéier kritt" a sech schrëftlech dofir entschëllegt.

D'Maria Tove Ryding vun der ONG Eurodad beschreift d'Auditioun vun de multinationale Konzerner als Komedie. Notamment well d'Konzern-Vertrieder relativ héich Steier-Tauxe genannt hunn, déi se weltwäit op hire Profitter bezuelen. Déi Ausso kéint een net iwwerpréiwen. "Et geet hei am Fong ëm Wuertspillereien. De Vertrieder vun Ikea seet: 'Ikea ass eng Marque a keng Entreprise. Et gi verschidden Ikeaen a verschiddener bezuele Steieren, anerer net. An Ikea weess net, wat Ikea an anere Länner mécht.' Dat ass lächerlech," sou d'Maria Tove Ryding. Dowéinst wier et wichteg, dass multinational Konzerner hir Profitter an Aktivitéite Land fir Land oppe leeën, sou wéi déi grouss Banken dat schonn elo maachen.

Enn vun der aggressiver Steierkonkurrenz?

Och d'Europaparlament proposéiert, esou eng Obligatioun fir déi multinational Konzerner an der EU anzeféieren. Eng fräiwëlleg Ëmsetzung vun den neien OECD-Reegelen an den eenzelne Memberstaten hätt de Risiko, dass nei Lacunnen entstinn, argumentéiert de Michael Theurer. De Rapporter vun der Spezialkommissioun fuerdert eng gemeinsam Reegele fir d'Besteierung vun de Betriber an der EU. Wat d'Spezialkommissioun wëll erreechen ass een Enn vun der aggressiver Steierkonkurrenz bannent der EU. Den Enthusiasmus fir eng méi staark Koordinatioun an der Steierpolitik hält sech awer a ville Memberstaten, dorënner Lëtzebuerg, a Grenzen.