Iwwerhaapt war 2022 e Joer mat aussergewéinlech héijen Temperaturen. Et war dat zweet-wäermst Joer mat am Duerchschnëtt 11,2 Grad. Just 2020 war et nach méi waarm, mat enger Moyenne vun 11,3 Grad.
Wieder-Rekorder ginn ëmmer méi warscheinlech
Mam Klimawandel géif d'Warscheinlechkeet, datt mir esou Rekorder briechen, ëmmer méi grouss ginn, schätzt de Luca Mathias vum staatleche Wiederdéngscht Meteolux.
Et hätt een natierlech vu Joer zu Joer eng gewësse Variabilitéit, erkläert de Meteorolog, an esou kéint ee "relatiivt normaalt Joer" ëmmer erëm dertëschent kommen. Den allgemengen Trend iwwer déi lescht Joerzéngten ass awer kloer:
"Da gesäit een awer, datt d'Temperaturen zouhuelen, an dat heescht d'Warscheinlechkeet, datt mir déi nächste Joerzéngten am Allgemengen nees Rekorder - sief et Rekorder iwwer e Joer gekuckt oder iwwer e Mount gekuckt - brieche wäerten, déi Warscheinlechkeet ass awer sécherlech ginn."
Och ëmmer manner Schnéifall
Och bei den Deeg mat Schnéi wier ee klore Réckgang ze verzeechnen, wann een déi zwou Referenzperiode vun 1961 bis 1990 mat 1991 bis 2022 géif vergläichen.
Et kéint een dann och déi nächst Joerzéngten dovun ausgoen, datt d'Frequenz un Deeg mat Schnéifall weider wäert erofgoen, esou nach de Meteorolog Luca Mathias.