Radioen

On air

De Moien  |  Fabiana Palladino - I Can't Dream Anymore

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Modern Sklaverei am Transportsecteur

Aarbechtsrecht

Modern Sklaverei am Transportsecteur

Transportfirmaen aus Däitschland, Frankräich oder der Belsch stelle vill Camionschaufferen aus Osteuropa an - dacks fir en niddrege Loun. Lëtzebuerg spillt als Transitland eng wichteg Roll. Viru kuerzem gouf et eng Perquisitioun bei enger Firma mat Sëtz zu Wäisswampech. D'EU-Kommissioun wëll den Transport an der Europäescher Unioun harmoniséieren. Dofir misst awer genuch kontrolléiert ginn.

auto_stories

4 min

"Gesitt Dir d'Camionen op deem Parking? Wann Dir do fënnef Fransousen, Belsch oder Lëtzebuerger fannt, dann hutt Dir der vill fonnt", seet de Jerôme, deen op der Aire de Berchem grad Paus mécht. De Jerôme, 58 Joer al, ass Belsch. Hie fiert zënter 35 Joer fir e belsche Patron. Ganz Europa huet hie schonn duerch seng Camionsfënstere gesinn. "All déi aner - Polen, Ungaren, Rumänen, Russen - déi verdéngen net genuch. Dat ass eng Zort modern Sklaverei".

Den Alexander kënnt aus Wäissrussland, hien ass fir eng franséisch Firma ënnerwee. "Meng Paus ass eriwwer. Elo wiesselen ech d'Remorque". Fir 60 Euro den Dag géif hie schaffen, seet de Camionschauffer.

Wandel am Secteur

Datt een ëmmer manner Chauffeuren aus Westeuropa begéint, huet och d'Catherine iwwert déi lescht Jore gemierkt. Si ass Responsabel vun engem Restaurant op der - wéi et heescht - gréisster Tankstatioun an Europa. Kontakt mat de Chauffeuren hätt si haut net méi vill. "Deemools, wéi mer ugefaangen hunn, ass een all Dag enger anerer Nationalitéit begéint: Méindes den Italiener, dënschdes de Spuenier, mëttwochs de Belsch, asw. Elo sinn et vill Polen oder Rumänen, déi net vill consomméieren".

Fir den Alain Petry, Beroder beim Groupement Transports, engem Patronatsverband, wier dat éischter eng Momentopnam. "Aner Camionen aus de Nopeschlänner fueren och vill duerch Lëtzebuerg. Si fueren awer wahrscheinlech weider an hir Heemechtslänner, fir do z'iwwernuechten". Datt et ee Wandel ginn ass, gesäit awer och den Alain Petry an. D'Ursaach fir dëse Wandel gesäit den OGBL-Gewerkschaftler Romain Daubenfeld am sozialen Dumping, deen duerch déi oppe Grenzen entstane wier.

"Fair Entreprisen hu bal keng Chance fir ze bestoen"

"Eng onfair Praktik", huet och de Premier Xavier Bettel viru Kuerzem zu Warschau, no engem Sommet tëschent de Benelux- an de "Visegrad"-Staaten (Tschechesch Republik, Slowakei, Polen, Ungarn) gemengt. "Et ass net normal, datt d'Leit a verschiddene Betriber a Benelux-Länner polnesch Paie kréien", sou de Premier. "Point de vue Sécherheet a sécurité sociale ass näischt dobäi, dat musse mir zesumme bekämpfen".

Fair Entreprisen hätten den Ament bal keng Chance méi, fir géint déi dubiéis Geschäftspraktiken um Marché unzekommen, erkläert de Romain Daubenfeld. Et wier schwiereg, de sozialen Dumping ze bekämpfen, och well d'Chauffeuren aus den ëstlechen EU-Staaten hir Plaz net wéilte verléieren. Camion fuere géif op de Kilometer bezuelt ginn an de Loun wier deelweis duebel esou héich, wéi dee vun engem Fabricksaarbechter. Wien awer krank ass, géif näischt verdéngen, sou de Gewerkschaftler.

Kann d'EU-Kommissioun eppes ënnerhuelen?

Mat hirem neie "Mobilitéitspak" wëll d'EU-Kommissioun den Transportsecteur an der Europäescher Unioun méi harmoniséieren. Den Text mam Numm "Europe on the move", deen déi slowenesch Transportkommissärin Violeta Bulc Enn Mee presentéiert huet, gesäit méi kloer Reegelen am Stroossentransport vir. Den OGBL-Gewerkschaftler Romain Daubenfeld hieft déi méi intensiv Kontrollen ervir. "An datt se effektiv och op déi Plaze kucke ginn, wou déi Sub-Entreprisen opmaachen. D'Gesetz gesäit jo vir, datt se eng reell Struktur mussen hunn".

Dem Gesetz no mussen d'Chauffeuren och all 14 Deeg ee verlängerte Weekend an engem Hotel verbréngen. Eng Mesure, déi an der Praxis schwéier ëmzesetze wier, mengt de Patronatsvertrieder Alain Petry. "Net all Hotel huet déi néideg Parkkapazitéit oder bitt déi néideg Sécherheet".

De Camionschauffer Jerôme deelt déi Meenung. Als erfuerene Chauffeur gleeft hien net un de politesche Wëlle vun der EU-Kommissioun. "Si wäerte reagéieren, wann et net méi néideg ass!" De Romain Daubenfeld erkennt awer duerchaus gutt Usätz am EU-Text. De Mobilitéitspak kéint awer nëmme fonctionnéieren, wann och kontrolléiert gëtt.

"Ministère geet net genuch géint illegal Praktike vir"

Lëtzebuerg ass e wichtegt Transitland. Viru kuerzem gouf et Perquisitioune bei der belscher Transportfirma Jost Group, déi hiren Haaptsëtz zu Wäisswampech huet. De Ministère géif allgemeng net staark genuch géint déi illegal Praktiken am Transportsecteur virgoen, fënnt den Alain Petry vum Groupement Transports. "Do bräicht een am Fong nëmmen op den Haaptairen ze kontrolléieren, wou d'Camionen de Weekend iwwer bleiwen. Dann hätt ee relativ séier d'Saach am Grëff".

D'Gewerbeinspektioun (Inspection du travail et des mines, ITM) bräicht méi Mëttele fir de Sozialdumping am Transportsecteur ze bekämpfen, sou den Aarbechtsminister Nicolas Schmit virun engem gudde Mount um 100,7. Mat senger Propose fir d'ITM ze reforméieren, kéint een d'Kontrollere mam Lëtzebuerger Statut vum Inspecteur du travail an der Gewerbeinspektioun halen. "Mä et ass ëmmer schwéier, fir gréisser Verännerungen am generelle Kontext vun der Fonction publique duerchzekréien".

De Jerôme gesäit sengersäits ee méi grousse Problem. Hien ass sech guer net sécher, ob et an e puer Joer iwwerhaapt nach genuch Camionschaufferen ginn. Déi Jonk wéilten dëse Beruff net méi maachen, mengt de belsche Camionneur. Seng Paus ass jiddefalls eriwwer. Nächst Statioun: Dijon.