Déi Länner, déi bis elo Waffen oder Zaldoten a Libye geschéckt hunn, sote gëschter, si géifen domat ophalen. Dat wier dee wichtegste Schrëtt gewiescht, sot zu Bréissel den däitschen Ausseminister Heiko Maas. Op déi Aart a Weis géifen d'Biergerkrichsparteie gezwonge fir un de Verhandlungsdësch zeréckzekommen. Prioritéit wier et elo aus der Wafferou ee Waffestëllstand ze maachen. De Lëtzebuerger Ausseminister begréisst et, datt elo explizit eng Léisung um Niveau vun de Vereente Natioune viséiert gëtt. "Mir mussen et fäerdeg bréngen, datt den Uno-Sécherheetsrot ee Mandat kritt, fir ee Waffestëllstand ze iwwerwaachen", sou de Jean Asselborn.
Missioun Sofia nei lancéieren
Den EU-Chef-Diplomat Josep Borrel huet sech dofir ausgeschwat, d'Operatioun Sofia nei ze beliewen. Déi Missioun sollt ursprénglech dozou bäidroen, Schmuggel a Mënschenhandel am Mëttelmier ze bekämpfen. Well Italie protestéiert hat, an ee sech net iwwer ee Verdeelungsmechanismus fir Refugiéen eens gi war, ass d'EU zanter dem Fréijoer net méi mat Schëffer am Mëttelmier present, mee konzentréiert sech just nach op d'Ausbildung vu libesche Garde-Côten. D'Missioun misst nei orientéiert ginn a sech och drop konzentréieren, datt de Waffenembargo a Libyen agehale gëtt, seet de Josep Borrel. Detailer doriwwer sinn nach keng bekannt. D'Fro, ob Sofia an Zukunft och nees eng Rettungsmissioun hätt, ass nach op. Italien huet sech op der Reunioun vun den Ausseministeren dogéint ausgeschwat. Sofia sollt eenzeg an eleng dofir do sinn, datt de Waffenembargo kontrolléiert gëtt, sou den italieneschen Ausseminister Luigio di Maio.
Asselborn-Initiativ iwwer Palästina net zeréckbehalen
De Jean Asselborn hat sech dofir agesat, datt d'Ministeren op hirer Reunioun och iwwer d'Unerkennung vu Palästina diskutéieren. Wann d'EU fir eng Zwee-Staate-Léisung antrëtt, wier et logesch, Palästina op europäeschem Niveau als onofhängege Staat unzëerkennen, sou de Lëtzebuerger Ausseminister. Och wann hei net d'EU mee d'Memberlänner zoustänneg sinn, kéint een Zeeche gesat ginn. D'Diskussiounen ënner de Ministere wier "ganz schwiereg" gewiescht, sot no der Reunioun een enttäuschte Jean Asselborn. D'Europäesch Unioun hätt an där Fro keng eenheetlech Positioun. D'Lëtzebuerger Regierung huet sech bis elo och net fir dee Schrëtt decidéiert, Palästina unzëerkennen. An der EU hunn dat néng Länner gemaach, déi meescht dovun aus Osteuropa.