Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir wëllen d'Investitiounen héich halen"

Budget 2021

"Mir wëllen d'Investitiounen héich halen"

Nom Etat de la Nation huet de Pierre Gramegna de Budget fir d'Joer 2021 deposéiert. Et wier net d'Zäit fir Steierreduktiounen oder -héijungen, esou de Finanzminister. Dëst Joer riskéiert Lëtzebuerg en Defizit beim Gesamtstaat vu 7,4 Prozent vum PIB, d'nächst Joer vun 2,7 Prozent.

auto_stories

9 min

De Finanzminister seet, Lëtzebuerg wier mat gudde Staatsfinanzen an d'sanitär Kris eragaangen. 2018 wier et beim Zentralstaat en Iwwerschoss gi vu 528 Milliounen Euro, 2019 vu 60 Milliounen Euro.

Mat den Ännerunge bei dem Steierregimm vun de FIS an de Stock Options géif hien d'Méiglechkeet fir Abusen ofschafen, déi vu senge Virgänger am Finanzministère ageféiert gi wieren, esou de Pierre Gramegna.

Keng Steierreduktiounen oder -erhéijungen

Et ass net de Moment fir Steierreduktiounen a scho guer net fir Steiererhéijungen, seet de Pierre Gramegna. D'Koalitioun tëschent DP, déi gréng an LSAP hat sech fir dës Legislaturperiod eng gréisser Steierreform virgeholl.

De Premier Xavier Bettel hat gëschter scho confirméiert, datt dat wéinst dem Impakt vun der sanitärer Kris net méiglech wier.

Ëffentlech Gelder an der Kris

D'Regierung hätt um Ufank vun der sanitärer Kris ee vun de gréisste "Stabiliséierungspäck" an Europa decidéiert, seet de Finanzminister. Hien nennt de Gesamtmontant vun 10,4 Milliarden Euro, oder 17,5 Prozent vum PIB.

Allerdéngs sinn eleng 3,5 Milliarden dovu Staatsgarantien. Do gëtt et keng Evaluatioun, wéi vill wierklech an Usproch geholl goufen. Um Ufank vun der Kris goufen et Berichter, datt wéineg drop géif zeréckgegraff ginn.

Fir de Chômage partiel huet de Staat dëst Joer schonn 870 Milliounen Euro ausginn, esou de Finanzminister. Am Ganze géif dës Mesure dëst Joer warscheinlech 1,3 Milliarden Euro kaschten.

Proprietären, déi wéinst der Kris op en Deel vum Loyer vun de Locataire verzichten, kréien e Steierabattement vu 15.000 Euro. Dës Krisemesure gëllt fir d'Steierjoer 2020 a gëtt mam Staatsbudget fir 2021 gesetzlech verankert.

Lëtzebuerg hätt sech vill dofir agesat, datt d'EU-Kommissioun am Kader vum europäesche Plan de Relance d'Méiglechkeet kritt selwer Suen op d'Kapitalmäert léinen ze goen. Dat wier innovativ europäesch Solidaritéit, esou de liberale Finanzminister.

Ëffentlech Investissementer héich halen

"Mir sinn um richtege Wee", seet de Finanzminister iwwer d'Lëtzebuerger Approche fir grad elo d'ëffentlech Investissementer héichzehalen. Dat géifen och d'international Organisatioune soen.

Ëffentlech Investissementer

  • 2021: 4,3 Prozent vum PIB.
  • 2020: 5,9 Prozent vum PIB (mat de Krisemesuren)
  • 2015-2019 (Moyenne): 3,7 Prozent vum PIB

"Seriö" Léisunge fir d'FISen

Hien hätt vill Fuerderungen héieren déi lescht Woche fir "einfach Léisunge" bei den "Abusen" an "Ongerechtegkeete" beim Steierregimm vun de Fonds d'Investissement Spécialisés (FIS). D'Regierung hätt sech awer Zäit geholl fir "seriö" Léisungen, esou de Pierre Gramegna. E FIS muss an Zukunft seng Revenuen aus dem Lëtzebuerger Immobiliesecteur zu 20 Prozent besteieren.

Wéi scho gëschter vum Premier annoncéiert, ginn d'Ofschreiwungsméiglechkeete fir Investisseuren am Immobilier reduzéiert (vu 6 Prozent op 5 Prozent, oder souguer 4 Prozent bei Immobilien iwwer 1 Millioun), an d'Amortissementsperiod gëtt ëm ee Joer reduzéiert. De Pierre Gramegna erkläert dat esou:

Haut féiert de Mechanismus dozou, datt de Staat Investisseuren dozou incitéiert potentiellen "Primo-Acquéreuren" d'Immeubelen virun der Nues ewechzekafen, fir kënne vun engem Steieravantage ze profitéieren. Dëst ass also eng Dispositioun, déi tendenziell d'Demande um Wunnengsmaart ukuerbelt.

Klima an CO2-Steier

Am Kader vum Klima- an Energieplang géif de Staat d'nächst Joer 1,1 Milliarden Euro ausginn: Fir "d'Dekarboniséierung-Strategie, d'Energieeffizienz an de Volet Recherche".

Mat der schonn annoncéierter CO2-Steier vun 20 Euro pro Tonn Co2 am Joer 2021 géif d'Regierung "d'Consommatioun vun klimaschiedleche fossillen Energië bewosst manner attraktiv" maachen, seet de Finanzminister. Et wier e Bekenntnis zum "qualitative Wuesstum".

De Finanzminister widderhëlt d'Mesure fir d'sozial Kompenséierung fir d'CO2-Steier: D'Steierkreditter fir d'Salariéen, Pensionéierter, Independanten a Chômeure gëtt ëm 96 Euro pro Joer gehéicht, an d'Allocation de vie chère ëm 10 Prozent eropgesat: "Zesumme wäerten dës Mesuren, grad fir déi sozial méi schwaach, ee groussen Deel vun de Méikäschte vun dëser CO2 Steier kompenséieren", seet de Finanzminister. Berechnungen iwwer de geneeën Impakt gi keng genannt.

D'Regierung reduzéiert d'Taxe d'abonnement fir d'Fongenindustrie fir Investissementer an "nohalteg Projeten oder Firmen". Op deenen Investissementer bräichten d'Fongen um Enn nëmmen nach eng Taxe vun 0,1 Promill am Plaz vun 0,5 Promill ze bezuelen. Op der Lëtzebuerger Fongeplaz ginn iwwer 4.000 Milliarden Euro geréiert.

Stock Options ginn ofgeschaaft

Den ëmstriddene Steierregimm vun de Stock Options, deen et Kaderen erlaabt Steieren ze spueren, gëtt, wéi schonn annoncéiert, op den 1. Januar ofgeschaaft (e war 2002 ageféiert ginn). Deemools war e geduecht, fir auslännesch Fachkräften op Lëtzebuerg ze lackelen. Et goufen duerno awer Abusen.

De Regimm vun den "Impatriés" soll elo dofir spezifesch fir déi Situatioun ugepasst ginn, inspiréiert um franséische Modell, esou de Finanzminister: "Dës Primm ass just fir déi, déi wäit aus dem Ausland op Lëtzebuerg eriwwer plënneren. Si ass mat engem Maximum vun 8 Joer och limitéiert an der Zäit."

Op zwee Joer gekuckt: praktesch kee Wuesstum

Fir d'wirtschaftlech Entwécklung baséiert de Finanzministère sech op d'Previsioune vum Statec. Op zwee Joer gekuckt wier de "Wuesstem praktesch null", esou de Pierre Gramegna.

  • 2020 : - 6 Prozent
  • 2021 : + 7 Prozent

Projezéiert Entwécklung vum Zentralstaat (ouni d'Gemengen an d'Sécurité Sociale)

  • 2018: + 528 Milliounen Euro
  • 2019: + 60 Milliounen Euro
  • 2020: - 5,07 Milliarden Euro
  • 2021: - 2,511 Milliarden Euro

Projezéiert Entwécklung vum Gesamtstaat (mat de Gemengen an der Sécurité Sociale)

  • 2018: 1,84 Milliarden Euro
  • 2019: 1,54 Milliarden Euro
  • 2020: - 4,4 Milliarden Euro
  • 2021: - 1,75 Milliarden Euro

Dëst Joer riskéiert Lëtzebuerg en Defizit beim Gesamtstaat vu 7,4 Prozent vum PIB. D'nächst Joer vun 2,7 Prozent.

"30 Prozent Staatsschold besser wéi Austeritéitsprogramm"

Den aktuelle Previsiounen no géif d'Staatsschold Enn 2021 op 29,4 Prozent vum PIB klammen, esou de Pierre Gramegna. D'Regierung huet sech mat hirem Koalitiounsaccord vun 2018 virgeholl ënner 30 Prozent vum PIB ze bleiwen. Dozou de Finanzminister:

"Et ass e Fakt, datt eis Limitt vun 30 Prozent, déi mir eis gesat hunn, elo méi no réckelt. Mee mir wëllen d'Investitiounen héich halen. A wann dat heescht, datt mer eis ëm eng Staatsschold vun 30 Prozent vum PIB beweegen ass dat besser, wéi en Austeritéitsprogramm".

4,7 Prozent vun där Staatsschold wieren op d'sanitär Kris zeréckzeféieren. Ouni d'Corona-Kris géif d'Staatsschold Enn 2021 bei 24,7 Prozent leien, rechent de Finanzminister vir.


De Bäitrag iwwer Steiermesure lauschterenplay_arrow


Den Impakt op d'Recettë vun der neier 20 Prozent Steier op de Spezial-Immobiliëfongen, zum Beispill, gouf net preziséiert. Vum Finanzminister war et villméi de Message: den Debat ronderëm Steiergerechtegkeet gouf erkannt a d'Regierung hätt sech Zäit geholl fir seriö Mesuren op d'Been ze stellen. Et wéilt een d'Ongerechtegkeet bekämpfen an d'Kompetitivitéit net a Fro stellen.

Den Taux vum Amortissement accéléré op Gebaier, déi verlount ginn, gëtt manner intressant a geet vu 6 op 5 Prozent erof. Och hei bleift den Impakt op de Staatsbudget 2021 flou, d'Zilsetzung klengt méi kloer: d'Spekulatioun soll limitéiert ginn an et soll awer attraktiv bleiwe fir an en Appartement ze investéieren.

"Ee koherente Pak u Mesuren"

Nei dobäi kënnt dann een Taux d'amortissement an deem selwechte Beräich geschaaft gëtt, deen un energetesch Sanéierung gekoppelt ass.

D'Stock Options ginn duerch zwou Primmen ersat: eng, déi sech un Expats riicht an eng Prime participative fir d'Salariéen, béid sinn zu 50 Prozent steierfräi. Dat wier e koherente Pak u Mesuren déi anenee gräifen. "Si erlaben et Talenter a Spezialisten op Lëtzebuerg ze zéien, d'Start-Up-Kultur ze ënnerstëtzen an d'Kompetitivitéit vum Land ze stäerken."

Nohalteg Finanzen

Duerch déi nei CO2-Steier klammen ënner anerem d'Präisser op der Pompel ëm ca 5 Cent. Dat wier keng Mesure fir d'Staatsrecetten opzestocken, sou de Pierre Gramegna, mee eng nohalteg Mesure, déi sozial ofgefiedert gëtt.

Méi Nohaltegkeet gëtt och op der Finanzplaz gefërdert, dat mat enger méi klimafrëndlecher Taxe d'abonnement. Och hei: keng genee Zuelen, mee ee Message vum Pierre Gramegna: d'Finanzplaz ass a bleift kompetitiv - a propper.


De Bäitrag vum Rick Mertens lauschterenplay_arrow


Déi aktuell Kris huet en däitlechen Impakt op d'Staatsfinanzen. Fir dëst Joer rechent d'Regierung mat engem Defizit vu 4,4 Milliarden Euro - dat sot de Finanzminister Pierre Gramegna de Moien, wei hien d'Budgetsvirlag fir dat nächst Joer presentéiert huet. Den Defizit läit domatt dëst Joer bei iwwer 7 Prozent vum PIB. D'nächst Joer soll den Defizit dann op 2,7 Prozent zréckgoen, esou de Pierre Gramegna. Mee d'Staatsscholde sinn duerch d'Kris méi grouss ginn, a si wäerten d'nächst Joer nach weider wuessen.

Bewosst Decisioun fir net ze spueren

2021 wäerten d'Scholden esou guer no un d'Mark vun 30 Prozent vum PIB erukommen: Dat ass dee Scholdenniveau, den d'Regierung laut hirem Koalitiounsprogramm op kee Fall wëllt iwwerschreiden. Mee de Finanzminister betount d'Regierung hätt bewosst decidéiert, grad an der Kris net ze spueren. D'Regierung wéilt déi ekonomesch Relance weider ënnerstëtzen, an se op kee Fall ofwiergen.

"A wann dat heescht, datt den Niveau vun der Dette wärend e puer Joer ronderëm déi Limitt vun 30 Prozent oszilléiert, ier se dann erëm erofgeet, dann ass dat eng besser Perspektiv wéi déi vun engem ideologeschen Austeritéitsprogramm oder vum Verzicht op Innovatioun oder Investissement."

Gutt Ausgangslag

Fir d'nächst Joer weider kënnen ze investéiere muss de Staat méiglecherweis nach eng Kéier Sue léine goen. De Pierre Gramegna sot et misste méiglecherweis Emprunte vun 2,4 Milliarden Euro opgeholl ginn. Datt de Spillraum besteet fir weider Scholden ze maache féiert de Finanzminister och op d'Regierungspolitik vun de leschte Joren zréck.

"Et ass also well mer d'Staatsfinanzen iwwer déi lescht Jore sanéiert hunn, datt mir haut 2020 matten an der Kris eréischt knapps op deem Niveau sinn, wou mer soss scho fënnef Joer méi fréi, ouni déi Kris gewiescht wieren."

"En aussergewéinleche Budget fir aussergewéinlech Zäiten."

Wéi laang d'Staatsschold op engem héijen Niveau soll bleiwen, ass am Moment nach net kloer. De Pierre Gramegna huet de Mëttwoch Moien ënnerstrach duerch d'Onsécherheete vun der Pandemie wär et schwéier fir déi nächst Joren ze plangen. D'Zenarien an d'Zuele fir déi nächste Jore kéinte variéieren. De Finanzminister kennt dofir zur Conclusioun de Budget 2021 wier en.

"En aussergewéinleche Budget fir aussergewéinlech Zäiten."

Wéi laang d'Zäiten aussergewéinlech bleiwen, ass am Moment nach net ofzegesinn.