Radioen

On air

Notturno  |  Matt Dawson - Berwick Street

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir wëllen an der EU bleiwen"

Brexit

"Mir wëllen an der EU bleiwen"

A Groussbritannien waren e Samschden 3. September uechter d'Land Demonstratioune géint de Brexit. Zu London sinn e puer Dausend Leit bei d'Parlament marschéiert fir géint d'Resultat vum Referendum ze protestéieren. Et gouf vill Onzefriddenheet iwwert d'Manéier, wéi de Referendum iwwert d'Bühn gaangen ass. De Martin Schauss war op der Manifestatioun zu London derbäi.

auto_stories

3 min

"Mir si Bierger vun Europa" stoung op de Plakater vun de Manifestanten

Op där enger Säit goufe bei de Manifestatiounen d'Zesummesinn an Europa, déi oppene Grenzen an e gemeinsame Marché gefeiert. Dausende vu Leit haten sech blo ugedoen a bal jiddwereen huet den europäesche Fändel gewénkt. Mat Musek, witzege Plakater a Riede vu Komiker sollt d'Stëmmung gutt sinn.

De Message war kloer: "Mir wëllen an der EU bleiwen."

Et bleiwe vill Froen op

D'Demonstranten hoffen, datt den Artikel 50 vum Lissabon Vertrag an domat den Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU esou bal net invoquéiert gëtt. Géing de Brexit fir d'éischt am Parlament a Groussbritannien gestëmmt ginn, da kéint een d'Entscheedung vum Referendum vläicht nach änneren. Dat ass d'Hoffnung vun den Demonstranten.

"Ech sinn net sécher op de Brexit Realitéit gëtt", esou en Manifestant zu London. Et wier e laange Prozess an d'Negociatiounen hätten nach net ugefaangen. "Mir wëssen och net wat den Impakt op d'Wirtschaft ass. Meng perséinlech Meenung ass, datt dat Ganzt nach laang net geschitt."

Déi Englesch Medien hunn awer kierzlech gemellt, datt d'Premier-Ministesch Theresa May net fir hätt d'Parlament an der Brexit-Fro ze consultéieren. Affekoten hunn dëst awer a Fro gestallt. Am Oktober entscheet dat Iewecht Gericht a Groussbritannien iwwert dës Fro.

War de Referendum demokratesch?

Et ass ville Leit bei den Demonstratioune schwéier gefall net zynesch ze sinn. D'Roserei an de Frust waren ze spieren. Et gouf kritiséiert, d'Referendum-Campagnë wieren net éierlech gewiescht. "Déi 350 Millioune Pond, déi sollten all Woch an de Gesondheetsdéngscht NHS fléissen. Dat war ni wouer an dat wäert ni geschéien", esou ee Manifestant.

D'Bexit-Campagnen hätte gelunn, falsch Versprieche gemaach an de Referendum wier duerch Auslännerfeindlechkeet gewonne ginn. Demokratie jo, awer net wann si op Ligen a Panikmaacherei zréckgräift, esou de Message vun de Brexit-Géigner.

Kritiséiert gouf och, datt de Prozentsaz vum Referendum ze niddereg war an datt méi Leit hätte misse wiele goen. "Et ass net ze faassen datt esou eng Entscheedung an engem Land vu 65 Milliounen Awunner ouni d'Parlament geholl soll ginn", kritiséiert e weidere Brexit-Géigner.

Wéineg Interessi

"Shame on you! Schummt Iech!" Dat war ee vun de manner aggressive Riff géint déi Handvoll Géigendemonstranten, déi beim Regierungsgebai op d'Manifestatioun gewaart hunn. En Dialog gouf et tëscht deenen zwou Partien net.

D'Manifestanten hoffen, datt de Brexit net Realitéit gëtt

Et war déi zweet grouss pro-EU Manifestatioun nom Referendum. Bei der Éischter um 2. Juli gouf nach vun Zéngdausenden Demonstrante geschwat. Dës Kéier waren et der däitlech manner.

D'Noriichten an England hunn d'Demo mat wéineg Gusto couvréiert. D'Zeitunge wéi "The Guardian" schénge bal méi dorun interesséiert, datt e Géigendemonstrant dem Spriecher a Komiker Eddie Izzard säi Berêt geklaut hat.

D'Gefill läit an der Loft, datt d'Conversatioun misst en nächste Schrack maachen. Vun engem engagéierten nationalen Dialog iwwer d'Zukunft no der EU war op der Manifestatioun zu London nëmme wéineg ze héieren.

Op de Méinden 5. September gëtt am Parlament a Groussbritannien dann och eng Debatt iwwert d'Fro vun engem zweete Referendum: Iwwer 4 Millioune Mënschen haten eng Petitioun mat dëser Fuerderung ënnerschriwwen.


Pro-EU Manifestatiounen a Groussbritannienplay_arrow