Radioen

On air

Notturno  |  Blaze Foley - If I Could Only Fly

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir musse kucken, wat eise finanzielle Spillraum ass"

Nordstad

"Mir musse kucken, wat eise finanzielle Spillraum ass"

Steet de Projet Nordstadfusioun op der Kipp? Am Interview mam Wort sot d'Pascale Hansen, Buergermeeschterin vu Bettenduerf a Spriecherin fir dee Fusiounsprojet, datt eng Fusioun nëmme kann deblockéiert ginn, wann d'Regierung konkret finanziell Zousoe mécht. Déi fënnef Gemenge fuerderen eng eemoleg Finanzhëllef vu 5.000 Euro pro Awunner.

auto_stories

3 min

An enger Reaktioun betount d'Inneministerin Taina Bofferding, datt dee Fusiounsprojet fir si wichteg bleift. Et misst een awer an där aktueller Situatioun d'Finanzkapazitéite vum Staat am A behalen. D'Fuerderunge vun de Gemenge wier dat Duebelt, wat de Staat u Subventioune pro Awunner an Awunnerin bezilt.

Finanzéierung hänkt vum pluriannuelle Budget of

Et misst ee bedenken, datt och nach aner Fusiounen ustoen, a "wann een engem sou vill gëtt, da muss ee logescherweis deem aneren och esou vill ginn", esou d'Taina Bofferding.

D'Reaktioun vun der Taina Bofferding lauschterenplay_arrow

D'Fusioun vun de fënnef Nordstad-Gemenge wier eng aussergewéinlech Fusioun, d'Nordstad géif déi véiert géisst Gemeng am Land ginn, an déi hätt dofir "eng gewëssen Opmierksamkeet verdéngt". D'Regierung wéilt dofir kucken, wat de finanzielle Spillraum ass, deen een als Regierung dofir huet.

Eng konkret Äntwert op d'Fuerderung vun den Nordstad-Gemenge gëtt et eréischt wann déi pluriannuell Budgetsprojete vum Finanzministère bis ausgeschafft sinn, esou nach d'Taina Bofferding

Eng nei Kasär fir d'Nordstad

Bei der Fusioun vun der Nordstad stellt sech och d'Fro no enger neier Kasär fir d'Rettungsdéngschter. D'Infrastruktur zu Ettelbréck ass net méi zäitgeméiss: d'Gebai staamt aus de fréieren 80er Joren. Et ginn eng sëllege Problemer, ënner anerem d'Vestiairen, d'Duschen, d'Kanalisatiounen oder d'Raimlechkeete fir sech auszerouen. Och den Emplacement vun der Kasär ass problematesch: wéinst dem Stau ass et dacks schwiereg mat de Gefierer séier duerch de Verkéier ze kommen.

Lauschterenplay_arrow

Aktuell gëtt et eng Rekrutéierungscampagne vum CGDIS, am Zenter um Rond-point Gluck an der Stad gëtt d'Formatioun assuréiert. Trotzdeem wier déi lokal Infrastruktur zu Ettelbréck weiderhi wichteg, seet de Chef vum Ettelbrécker Interventiounszenter Yves Damy.

No der Formatioun missten déi Saachen, déi geléiert goufen, och um Terrain applizéiert ginn an dofir missten dat neit Personal begleet an ënnerstëtzt ginn. Bei de Sitten zu Ettelbréck an Dikrech géif een awer ufänken "extrem un d'Enn vun eise Kapazitéiten ze sinn", esou den Yves Damy.

D'Regierung sicht no engem Site

Et wier ee sech där Problematik bewosst, esou d'Inneministerin Taina Bofferding. Et wier ee scho laang am gaangen ee Site ze sichen, "mee richteg ass et, et ass eng relativ al Kasär, an et ass och elo net nei, datt een eng nei Infrastruktur brauch". Dofir wéilt ee kucke fir Terrainen ze kréien a séier virun ze kommen, datt eng nei Kasär fir d'Nordstad gebaut ka ginn.

Wéi séier dat effektiv soll geschéien, wollt d'Inneministerin net verroden, dono misst och geplangt an nach gebaut ginn.