Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Blonde Redhead - Before

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir kënnen net alles ëmstellen op Bio"

Landwirtschaftspolitik

"Mir kënnen net alles ëmstellen op Bio"

Den neie President vun der Bauerenzentral, Christian Wester, hält d'Zil vun 20 Prozent Biolandwirtschaft bis 2025 fir onrealistesch. Och eng Reduktioun vum Véibestand gesäit de Mëllechbauer skeptesch.

auto_stories

2 min

D'Zil vun 20 Prozent Biolandwirtschaft bis 2025 kéint net erreecht ginn, mengt den neie President vun der Bauerenzentral, Christian Wester. Aktuell mécht d'Biolandwirtschaft ronn fënnef Prozent vun den Agrarflächen aus. Esou eng Ëmstellung géif dräi Joer daueren, an hie géif net gesinn, datt genuch Betriber déi Ëmstellung elo wéilte woen, esou de Christian Wester.

"Mir kënnen net einfach alles ëmstellen op Bio. Mir hunn dee Bio-Aktiounsplang, wou mir kritiséieren, datt onproduktiv Landwirtschaft gefërdert gëtt."

De Mëllechbauer mengt, datt d'Baueren effektiv nach Efforte misste maachen, fir d'Waasserverschmotzung mat Phosphater an Nitrater ze reduzéieren, huet de Christian Wester erkläert. Eng Reduktioun vum Véibestand am Land gesäit hien awer skeptesch:

"Gréngland léisst sech am Beschte mat Wiederkäuer verwäerten. Do ass d'Mëllechkou déi, déi finanziell de beschte Rendement bréngt hei am Land. An da ginn et och d'Bestëmmunge vu Bréissel, mir hätten ze vill Kéi, mir sollten aner Produktioune maachen. Mee Gréngland ass duerch europäesch Reglementer geschützt, mir kënnen dat net einfach esou an Akerland ëmwandelen. An dann hu mir Problemer fir Uebst a Geméis ze maachen. Dat sinn aarbechtsintensiv Kulturen, wou mir vun eise soziale Standarden an de Lounkäschten hier mat de Géigenden am südlechen Europa net konkurrenzfäeg sinn."

D'Risike an och d'Ursaache vum Klimawandel huet de Christian Wester zum Deel relativéiert: "D'Bauere musse sech bewosst sinn, datt de Klima sech reegelméisseg ee bëssi ännert." Gläichzäiteg huet de President vun der Bauerenzentral zouginn, datt extrem Wiederphenomener, déi mat der Äerderwiermung méi heefeg ginn, grouss Abousse fir d'Bauere mat sech bréngen: "D'Bauere sinn déi éischt, déi den Impakt vum Klimawandel spieren"

Et géifen awer Méiglechkeete gi sech unzepassen, seet de President vun der Bauerenzentral. De Christian Wester nennt d'Beispill vun der sougenannter "Gen-Schéier" an der Planzenziichtung, déi an der EU awer net zougelooss ass.