Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Arlo Parks - Impurities

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir hu vläicht e bësse séier geschoss"

Accord Piratepartei-ADR

"Mir hu vläicht e bësse séier geschoss"

De President vun der Piratepartei steet hanner der Entscheedung, e Groupe technique mat der ADR ze maachen. De Sven Clement seet awer, datt een den emotionalen Aspekt vun der Entscheedung ënnerschat hätt.

auto_stories

6 min

De Sven Clement war 2009 Grënnungsmember an ass zanterhier President vun der Partei.

Den Deputéierten a President vun der Piratepartei Sven Clement huet d'Allianz tëschent de Piraten an der ADR an der Chamber verdeedegt. Déi zwou Parteien hu sech als Groupe technique zesummegedoen, dat erlaabt et hinne méi finanziell Ënnerstëtzung ze kréien. Duerch déi Zesummenaarbecht sinn déi zwou Parteien och a méi Chamberkommissiounen, wéi zum Beispill d'Kontrollkommissioun vum Geheimdéngscht, vertrueden.

D'Allianz mat der ADR huet fir vill Kritik gesuergt, och intern bei der Piratepartei. "Wat mir vläicht ënnerschat hunn, ass den emotionalen Aspekt vun der Entscheedung an den eegene Reien." D'Decisioun wier mat de Gremien ofgeschwat, an och intern iwwer d'Gremien eraus "mat enger Rëtsch Leit aus de verschiddene Flilleken" diskutéiert ginn, sou de President vun der Piratepartei. Et hätt een och probéiert, fir d'Zesummenaarbecht "am Virfeld ze erklären".

"Mir goufen eisem eegenen Usproch net gerecht"

De Sven Clement weist sech awer selbstkritesch. "Ech mengen, datt mir do trotzdeem net wäit genuch gaange sinn, datt mir eisem eegenen Usproch un eng méiglechst grouss Participatioun an der Partei net gerecht goufen." Et hätt een awer probéiert, mat méiglechst ville Stëmmen an der Partei ze schwätzen.

De Parteipresident vun der Piratepartei huet net ausgeschloss d'Parteibasis iwwer déi Kooperatioun mam ADR ofstëmmen ze loossen. Hie wier sech och sécher, datt trotz den internen Diskussiounen, eng Majoritéit vun de Memberen dës Zesummenaarbecht gutt géif heeschen. Bis elo hätt awer nach kee Parteimember dat gefuerdert, "och net déi intern Kritiker".

Hie géif awer nach ëmmer hanner der Entscheedung stoen, seet de Sven Clement, mee et hätt een dës Decisioun besser missten erklären a mat méi Leit schwätzen. "Mee mir hu kloer gesinn, datt dat do eng Entscheedung war, wou mir intern vill méi Viraarbecht hätte misste leeschten. Do hu mir vläicht e bësse séier geschoss." De Sven Clement mécht awer kee Geheimnis doraus, datt hie léiwer eng Allianz mat déi Lénk gehat hätt.

Wéi vill Sue kritt d'Piratepartei?

Den Online-Magazin Reporter.lu hat virgerechent, datt et fir de Groupe technique fir déi zwou Parteien zesummen 90.000 Euro d'Joer méi géif ginn. D'ADR soll hei 60.000 Euro kréien an d'Piratepartei 30.000 Euro. Zousätzlech kritt de Koordinator vum Groupe technique zousätzlech 3.700 Euro de Mount, wat 45.000 Euro d'Joer ausmécht. Déi éischt 40 Méint soll d'ADR dëse Posten iwwerhuelen, an d'Piratepartei déi lescht 20 Méint. Als Deputéierte kritt ee 7.200 Euro brutto pro Mount, zesumme géif de Koordinator also 10.900 Euro de Mount kréien.

Et ass üüblech, datt d'Deputéiert en Deel vun de Suen, dat si fir hiert Mandat kréien, un d'Partei oftrieden. Reporter.lu hat gemellt, datt d'Pirate manner Sue géifen oftrieden, wéi dat bei den anere Parteien de Fall ass, nämlech ronn 7,5 Prozent. D'Fraktiounsmataarbechter vun der Piratepartei géifen e "bësse méi wéi de Mindestloun" verdéngen, esou gëtt de Sven Clement vu Reporter zitéiert.

"Artikel vu Reporter.lu ass tendenziéis geschriwwen"

Dësen Artikel wier tendenziéis geschriwwen a géif dem Gesamtbild net gerecht ginn, seet de Sven Clement a géif "deelweis guer net" stëmmen. "Et stëmmt, wéi an de Satzunge virgeschriwwen, mir gi 15 Prozent vun eisem non-imposable un eis Partei." Dëst krut de radio 100,7 op Nofro vun der Chamber bestätegt.

De Sven Clement an de Marc Goergen hätten der Chamber eng Procuratioun iwwerreecht, datt si 15 Prozent vun hirem Revenu direkt un d'Partei iwwerweisen. Eng üblech Prozedur, déi och aner Parteien esou applizéieren. Net all Deputéiert géif hei awer de selwechte Bäitrag der Partei iwwerloossen: Verschidden Deputéiert géifen e fixe Chiffer ginn, anerer géifen e Prozentsaz ginn.

"Mir ginn d'Hallschent vun eisem non-imposable of"

Weider seet de Sven Clement, géifen déi zwee Deputéiert vun der Piratepartei "e substantiellen Deel" vum imposabelen Deel an d'Mataarbechterpaie vun der Sensibilité politique investéieren. E geneeë Prozentsaz konnt hien net nennen, mee hie schätzt deen op 30 bis 35 Prozent. Et wier den Deputéierte fräigestallt, dat ze maachen, an d'Chamber géif dat och net kontrolléieren, heescht et aus der Chamber. Wat d'Sensibilité politque mat de Sue mécht, géif och net vun der Chamber iwwerpréift ginn, heescht et.

Zesummegerechent wieren dat d'Hallschent vum Salaire non-imposable, déi de Sven Clement an de Marc Goergen un d'Partei oder un d'Sensibilité politique géifen oftrieden, seet de President vun der Piratepartei.

"All Mataarbechter kritt en anere Montant"

D'Piratepartei huet eng Fraktiounssekretärin an zwee Attaché parlementaire agestallt. De Sven Clement hat Reporter.lu géigeniwwer gesot, datt een duerch d'Zesummenaarbecht mat der ADR eng weider Persoun kéint astellen, an datt déi Leit e bësse méi wéi de Mindestloun géife verdéngen.

De Sven Clement präziséiert am 100,7-Interview, datt all Mataarbechter en anere Betrag géif verdéngen. Dat géif bei 2.750 Euro brutto ufänken a géif bis bei 3.500 Euro brutto goen. "Dat heescht de Gesamtkäschtepunkt läit jenseits vun 10.00 Euro de Mount, just bei der Sensibilitéit." 2.750 Euro wier net "grad esou gutt bezuelt", mee bei 3.500 Euro brutto wier ee genee op de Punktwäerter, déi een och an der Fonction publique géif bezuelt kréien, wéi dat och bei anere Parteien de Fall wier.


Wat genee kritt d'Piratepartei?

Sue fir d'Partei:

  • 15 Prozent vum Salaire non-imposable vum Deputéierten. Dat ass 540 Euro pro Deputéierte pro Mount, also 1.080 Euro de Mount.
  • Eemoleg 50.000 Euro, an 10.000 pro Deputéiert, also 70.000 Euro fir d'Piratepartei, ausbezuelt vun der Chamber. Esou gesäit et d'Wahlgesetz vir.

Sue fir d'Sensibilité politique

  • 30-35 Prozent vum Salaire non-imposable: 1.080-1.260 Euro pro Deputéierten, esou de Sven Clement.
  • Een Drëttel vun den 90.000 Euro, déi d'Sensibilité politique direkt vun der Chamber kritt, also 30.000 Euro. D'ADR kritt déi aner 60.000 Euro. Dës Zomm gëtt trimesteriell ausbezuelt, wéi mir vun der Chamber gesot kruten. Dat sinn also 10.000 Euro all Trimester.

Sue fir d'Deputéiert

  • 7.200 Euro Salaire brut, dovun ass d'Hallschent (3.600 Euro) vun de Steiere befreit an et musse keng Cotisatiounen drop bezuelt ginn.
  • De Koordinator vum Groupe politique kritt zousätzlech 3.700 Euro de Mount. Wie bei der Piratepartei dëse Posten déi lescht 20 Méint vun der Legislaturperiod iwwerhëlt, ass nach net gekläert. Och net gekläert ass, ob a wéi vill vun dëser Zomm un d'Partei oder d'Sensibilité politique ofgi gëtt.
  • All Deputéiert kritt och nach sougenannte Jetonen, déi si fir Plenièressëtzungen oder Chamberkommissioune kréien. Reporter.lu schreift, datt dëse Montant variéiert, mee datt dat am Schnëtt 1.000 Euro de Mount wieren.

Sue fir d'Fraktiounsmataarbechter

  • Bis elo goufen dräi Persounen agestallt, d'Paie vun dëse Leit variéieren tëschent 2.750 Euro de Mount an 3.500 Euro de Mount, allebéid brutto, huet de Sven Clement Reporter.lu gesot.
  • All Salairen zesumme géifen iwwer 10.000 Euro de Mount ausmaachen, esou de Sven Clement.

Remarque:

An enger éischter Versioun vun dësem Artikel war iertemlecherweis rieds vun enger Parteiënnerstëtzung vu 50.000 Euro pro Joer. Dat ass falsch, et ass eng eemoleg Ënnerstëtzung vu 50.000 Euro. Mir entschëllegen eis fir dëse Feeler.