"Mir hunn es sat", seet d'River vu "Youth for climate". "Egal wéi haart mir blären, et gëtt eis awer net nogelauschtert!". Dofir sollt et op der Maniff vun e Samschdeg roueg sinn.
Datt de Message vun der Organisatioun domat net eriwwer kënnt, fäert d'River net."Mir hunn eise Message iwwer déi lescht Joren ëmmer erëm kloer gemaach, deen huet net vill geännert", erkläert déi jonk Aktivistin. "Eis Revendicatioune bleiwen déi selwecht, ob mir elo blären oder näischt soen!"
Op d'Experte lauschteren!
An awer fuerderen déi Jonk, datt d'Klimakris méi an den Virdergrond vun der Politik gesat gëtt, vill méi, wéi dat aktuell geschitt. Si selwer wiere keng Experten, géifen awer op déi lauschteren. "Et ass awer net eisen Job fir genee Solutiounen ze formuléieren ", seet d'River, "schliisslech si mir nëmme Schüler!"
Eng Radikaliséierung vum Klimaprotest, wéi et aktuell an Däitschland duerch d'Leit vun der Organisatioun "Letzte Generation" gemaach gëtt, schléisst d'River aus."Mir wäerten net ufänke Konscht ze beschiedegen", seet si.