Radioen

On air

Tockcity  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir fir Iech, Dir fir eis an da packe mir dat"

Intensivstation vum CHdN

"Mir fir Iech, Dir fir eis an da packe mir dat"

"E Patient ass ee Patient, egal ob geimpft oder net", dat seet eng Infirmière vun der Intensivstatioun aus dem Ettelbrécker Spidol. Mir hu mat hir déi rezent Aktioun op de sozialen Netzwierker geschwat. Zil dovu wier gewiescht, den Zesummenhalt erëm méi an de Fokus ze réckelen.

auto_stories

2 min

"Ettelbréck. 19 Auer. Och mir wënschen eis Versteesdemech" - steet ënner dem Instagram-Post vum 12. November.

Op der Foto hale Réa-Mataarbechter Blieder op deenen "Compréhension", "Solidaritéit" a "Impfung" steet.

Der Christine Cincis hiert Wuert ass Ënnerstëtzung. Fir de Leit dobausse kloer ze maachen, wat am Spidol ofleeft, hätt si bei der Aktioun matgemaach:

"Einfach fir de Leit erëm ze weisen, hei lauschtert: Mir fir Iech, Dir fir eis an da packe mir dat. An dann, jo, déi Marche Blanche dann, dat ass dann, jo OK dann, genau de Contraire vun deem u sech, wat mir da wëlle soen: Einfach erëm méi zesummen, méi sozial matenee sinn, méi mënschlech einfach erëm matenee sinn."

Marche Blanche "eng riicht op de Bak"

Hire Job wier et ze hëllefen an net ze jugéieren, seet d'Christine Cincis. An ob e geimpft ass oder net, e Patient wier e Patient.

Mat enger Impfung, de Gestes Barrière a manner soziale Kontakter kéint awer jiddereen dozou bäidroe fir aus der Pandemie ze kommen. Virun allem awer missten déi Geimpften an déi Net-Geimpften ophalen, mam Fanger openeen ze weisen an erëm zesummenhalen.

Géintiwwer de Protest-Marchen empfënnt si Enttäuschung, keng Roserei:

"Wann ech awer gesi wann d'Leit am Tyvek dann do an der Stad stinn ze demonstréiere mat hire wäissen Häerz-Loftballonen - an dann do jäize fir - ech weess net - Fräiheet - dann denken ech mir: Jo, ech stoung och aacht bis zéng Stonnen an dem Tyvek bei de Leit. An dat ass net schéin. Virun annerhallwem Joer do stoungen d'Leit um Balcon fir eis ze klappen, do ware mir déi bescht an haut... Also eng Marche Blanche ass fir mech eng riicht op de Back."

An trotzdeem géif hir Aarbecht hir e Booster fir d'Moral ginn: wann ee Leit, déi wierklech schlecht waren, erëm kann aus der Intensivstatioun entloossen, "dat ass einfach dat wat herno, mengen ech, villes erëm Wett mécht."

Och d'Kolleegen aus der Ekipp an de Sport als Ausgläich géingen hëllefen duerchzehalen, esou d'Christine Cincis.

Um Enn géing si all Dag opstoen an einfach hir Aarbecht maachen, seet d'Infirmière ier se erëm zeréck op d'Réa-Statioun geet.