Gesondheetssecteur Minute de silence virun de Spideeler

Mat der Aktioun "Impfe Wierkt!" wéilt d'Spidolspersonal uechtert d'Land weisen, datt déi sanitär Mesuren a besonnesch d'Impfung deen eenzege Moyen wier fir d'Pandemie an de Grëff ze kréien.

Minute de Silence um Kierchbierg #yeswecare

D'Spidolspersonal huet de Mëtteg virun hire jeeweilege Spideeler eng Minute de silence gehalen.

No zwee Joer Pandemiesbekämpfung wier d'Personal souwuel physesch wei och mental un hir Limitte komm. Datt d'Infektiounszuelen hei am Land nees klamme géifen, géif op e weidere schwierege Wanter deiten.

Virum Spidol um Kierchbierg haten sech eng 50 Leit zesummefonnt. D'Isabel Scott huet mam Spidolspersonal geschwat:

Lauschteren

 

Net verpassen

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Am Nomëtteg vun 3 bis 6

  • Panorama

  • Tockcity

  • The Benny Brown Show

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen