Radioen

On air

Notturno  |  Blake Mills - Never Forever

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Minimal Waffereformen an den USA

No Schéissereien

Minimal Waffereformen an den USA

Et kënnt zu neie Waffereformen an den USA. Den US-President Joe Biden huet déi nei Mesurë géint d'Waffegewalt d'lescht Woch presentéiert. Grouss Reforme sinn et awer keng, a keng nei Gesetzer goufen no rezente Masseschéissereie gestëmmt. D'Changementer si minimal.

auto_stories

3 min

Déi leschte Kéier, wou eng amerikanesch Regierung et probéiert huet, d'Waffegesetzer an den USA ze reforméieren, koum et fir de President Barack Obama zu enger vu senge gréissten Defaiten an Enttäuschunge vu senger Zäit am Wäissen Haus. De 14. Dezember 2012 zu Newtown, am Connecticut, hat en zwanzeg Joer alen Amokleefer 26 Leit an enger Primärschoul erschoss. 20 Kanner tëscht sechs a siwe Joer al sinn deen Dag net heem gaangen.

Esou tragesch war et, datt d'Regierung vum Barack Obama, zesumme mat den Associatioune fir méi streng Waffegesetzer sech gesot hunn: elo oder ni. Sécherlech kënnen och Republikaner no esou enger Grujeldot Reformen net méi am Wee stoen. Mee si hunn am Senat all Mesure blockéiert fir den Accès u Waffe méi schwéier ze maachen.

Esou huet den Obama deemools missen am Rousegaart vum Wäissen Haus annoncéieren, datt och hien et net gepackt hat. Nieft him stounge Familljemembere vun Affer vu Waffegewalt an der Sandy Hook Primärschoul.

Minimal Mesuren

Eng änlech Zen gouf et nees lescht Woch am nämmlechte Rousegaart. Dës Kéier war de President Joe Biden do, och mat Familljememberen, déi nach ëmmer u Reforme gleewen, an e puer Parlamentarier, déi et och nach eng Kéier wësse wëllen, oder et op d'mannst weise wëllen. Am Abrëll 2013, viru bal genee aacht Joer stoung den deemolege Vizepresident och do.

D'Frustratioun bleift déi nämmlecht wéi an der Obama-Regierung. En amerikanesche Senat, deen an zwee gespléckt ass tëscht Republikaner an Demokrate, muss fir nei Waffemesurë stëmmen, a well d'Republikaner keen Interessi u neie Mesure hunn, bleift et bei där Frustratioun.

Den Joe Biden huet geschwat vun enger Epidemie, fir déi sech d'USA um internationalen Niveau schumme mussen. Hien huet awer just minimal Mesuren annoncéiert, well Republikaner neie Gesetzer nees am Wee stinn.

De President wëll, datt de Justizministère déi sougenannt "ghost guns" stoppt, dat si Waffen, déi Leit ganz legal doheem baue kënnen, an dacks net offiziell registréiert sinn. A vill méi gouf et net ze annoncéieren.

Rezent Beispiller vu Masseschéissereie gouf et zu Atlanta an zu Boulder, am Staat Colorado, wou zéng Leit erschoss goufen. D'Fändelen op offizielle Gebaier am ganze Land ware schonn op Hallefmast wéinst där éischter Schéisserei, do ass schonn déi nächst geschitt.

Dem Joe Biden seng nei Mesurë si wäit ewech vu sengen Ambitiounen als Kandidat fir d'Presidence. Hie wëllt zum Beispill, datt Waffen net méi um Internet verkaf ginn, an datt vollautomatesch an hallefautomatesch Waffe verbuede ginn. Dat bleift weiderhi just a Walverspriechen.