An der Datebank si perséinlech Donnéeën, wéi Numm, Gebuertsdatum a Geschlecht erëmzefannen, an och medezinesch Donnéeë wéi Resultater vun Analyse fir den Zäitraum tëscht 2017 bis Juni 2021.
37 GB Date waren exposéiert
Duerch e mënschleche Feeler beim IT-Prestataire HISI, engem Sous-traitant vu CERBA waren d'Donnéeë wärend e puer Deeg am Internet exposéiert an du geklaut ginn, esou d'Spriecherin vu CERBA am 100,7-Interview.
De betraffene Serveur hat 37 GB Date gespäichert. Dat entsprécht den Donnéeë vun en puer Millioune Patienten, esou d'Aschätzung vum Emmanuelle Saby. CERBA-Healthcare schafft mat 450 Laboratoiren, dorënner och de Lëtzebuerger Privatlabo KetterThill. Deemno wier et also méiglech, datt Lëtzebuerger Patiente vum Dateklau betraff wieren.
KetterThill schéckt ënner anerem Bluttprouwe bei CERBA fir op Dengueféiwer an dem Zikavirus ze préiwen, an och Allergietester.
E Mataarbechter vu KetterThill bestätegt, datt vill Leit de Laboratoire wéinst dem Dateklau kontaktéiert hätten. Wéi vill Analyse vu Lëtzebuerger Patienten tëscht 2017 an 2021 u CERBA weidergeleet goufe wollt KetterThill awer net präziséieren.
Internet-Iwwerwaachung vu CERBA
CERBA huet a Frankräich eng Plainte deposéiert, an zu Lëtzebuerg gouf d'Dateschutzkommissioun informéiert.
D'Donnéeë wiere bis elo net exploitéiert ginn, esou d'Spriecherin vu CERBA:
"Depuis que nous avons connaissance de cet incident on repère une veille active, nuit et jour sur internet pour voir s'îl y a une exploitation malveillante des données. (...) A ce jour aucune exploitation malveillante n'est à déplorer."
Et ass net déi éischte Kéier, datt franséisch Laboen Affer vu Dateklau goufen. Ugangs dës Joer stounge perséinlech Donnéeë vu 500.000 franséische Patienten an engem Forum um Darknet zum Verkaf, hu Recherchë vun der Cybersecurity-Firma CybelAngel erginn.