Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Militärmusek muss nees am Traçage aushëllefen

Lutte géint de Virus

Militärmusek muss nees am Traçage aushëllefen

Wéinst der héijer Zuel un neie Covid-19-Infektiounen hei zu Lëtzebuerg muss d'Cellule, déi sech ëm den Traçage vu Kontaktpersoune këmmert, opgestockt ginn. Iwwer 100 Persoune sinn elo nees am Asaz, ënner anerem och vun der Militärmusek.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Carole Schimmer lauschterenplay_arrow


D'Militärmusek war scho bei der Hotline vum CGDIS am Asaz, an och beim Traçage, elo gouf si nees gefrot fir den Traçage ze assuréieren. D'Militärmusek hätt schonn an der Vergaangenheet vill a gutt gehollef "a mir hunn elo een Appell gemaach, fir datt déi Leit géifen zeréckkomme fir eis ze hëllefen".

Dem radio 100,7 läit ee Bréif vir, dee beleet datt d'Membere vun der Militärmusek net glécklech mat där Situatioun sinn, elo wou d'Garde vun de Kanner net kloer assuréiert ass. De Jean-Claude Schmit versteet dat, mee:

"Ech verstinn natierlech datt d'Leit aner Obligatiounen hunn, souwuel berufflech wéi och privat, dat ass absolut normal, mee op där anerer Säit hu mer eng Pandemie hei, mir hunn eng exzeptionell Situatioun, an do ass et normal, datt aner Verwaltungen eise Leit an eiser Administratioun hëllefen."

D'Zuel u Kontaktpersounen ass héich, seet de Jean-Claude Schmit. "Een Dag do ware mer bei iwwer dausend Kontakter, dat explizéiert sech ënner anerem, well mer eng Rei Kanner haten, déi positiv getest goufen, an déi awer deen éischten Dag an der Schoul waren".

Wéi vill Kanner dovu betraff sinn, konnt den Dokter Schmit net direkt preziséieren.