Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grouss Ännerungen am Stater Busreseau

Mëtt Dezember: Tram fiert vu Kierchbierg bis op d'Gare

Grouss Ännerungen am Stater Busreseau

Den 10. Dezember 2017 ass den Tram eng éischte Kéier an der Stad gefuer. Vum 13. Dezember u gëtt d'Streck erweidert. Et geet vun der Stäreplaz bis op d'Gare. D'Buslinnen, déi bis elo do gefuer goufen, gi geännert.

auto_stories

1 min


De Bäitrag vum Sophie Morang lauschterenplay_arrow


"All Changement bedeit e gewëssene Stress", seet de Stater Schäffe Patrick Goldschmit (DP). D'Servicer hätten awer alles am Grëff. Wann den Tram déi verlängert Streck bis fiert, gi manner Bussen an de betraffene Quartiere gebraucht. D'Gare Routière op der Gare verschwënnt. Dat war bis elo eng Haltestell, wou d'Busse konnte waarden an och dréien.

Vum 13. Dezember u gi Linnen an domat och Nummere geännert. Et wäerte manner Buslinne ginn, déi d'Gare mat der Uewerstad verbannen, einfach well den Tram dat iwwerhëlt. Elo si ronn 80 Bussen d'Stonn déi Streck gefuer, et bleiwen der 40. De Patrick Goldschmit preziséiert, datt um ganze Reseau genee esou vill Busse fuere wéi bis elo. "Mir wëllen, datt den ëffentlechen Transport gutt fonctionéiert, esou datt d'Leit eng Alternativ fir hiren Auto hunn", esou de Stater Schäffen.

Vill Informatiounen disponibel, wann néideg

Vun der nächster Woch u sinn Hostessen an Hosten op de Quaien, fir déi néideg Informatiounen ze ginn. Et gëtt och eng Onlineplattform, mat allen Infoen. "Sécher mussen d'Leit sech dru winnen, mee wann dat bis geschitt ass, ass et eng Verbesserung", verséchert de Patrick Goldschmit.