Wiederwarnung MeteoLux warnt viru staarkem Wand

MeteoLux mellt eng orange - respektiv giel Alerte - wéinst staarkem Wand fir dat ganzt Land.

Eng Wiederstatioun
Symbolbild. Foto: Bigstock / PiedmontPhoto

Bis 9 Auer Moies huet MeteoLux eng Alerte organge gemellt: et wiere lokal Spëtzten tëschent 90 an 100 Kilometer an der Stonn méiglech.

Duerno soll de Wand méi schwaach ginn: tëschent 9 an 12 Auer mellt MeteoLux eng Alerte jaune an et sollen Wandspëtzten tëschent 70 am 80 Stonnekilometer méiglech sinn.

Et soll viraussiichtlech bis de Mëtteg stiermesch an och verreent bleiwen.

 

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen