Mesuren fir Budgetsconsolidéierung an 2 bis 3 Joer décidéiert

“Virun eis leie gewalteg Erausfuerderungen, d’Leit erwaarde sech kloer Äntwerten, se wëllen Kloerheet ëm hir Zukunft hunn.” Dat waren d’Wieder vum neie Premier Xavier Bettel a senger Regierungserklärung d’läscht Woch.

An onser Emissioun "Riicht Eraus" e Samschden wollt hien kee geneeën Datum oder eng Deadline nennen, wéini Spuer- a Steiermesuren decidéiert ginn. “Bannent de nächsten 2 bis 3 Joer”, war di präzisten Äntwert vum neie Regierungschef. Dem Xavier Bettel no, misst zum Beispill genee iwwerpréift ginn wéineg Repercussiounen d’Besteierung vum Kannergeld hätt, genee sou wéi wéineg Konsequenzen Reduzéierungen bei den Ausgaben hätten. De Staatsminister sot sech absolut zouversiichtlech, datt di blo-rout-gréng Regierung hir Budgets-Consolidéierungs-Ziler wäert erreechen.

Den 1. Deel vun der Emissioun Riicht Eraus mam Xavier Bettel, Moderatioun François Aulner:

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/RER-1.mp3"]

 

Den 2. Deel vun der Emissioun:

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/RER2.mp3"]

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen