Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Merkel an CDU/CSU stäerkste Kraaft an Däitschland

Bundestagswahl 2017

Merkel an CDU/CSU stäerkste Kraaft an Däitschland

Däitschland huet gewielt - an d'Unioun vun CDU an CSU assde kloere Gewënner. 32,5 Prozent krut d'Partei vun der Bundeskanzlerin Angela Merkel. Mat 20 Prozent mécht d'SPD vum Martin Schulz een historesch schlecht Resultat. D'Sozialdemokraten zéien d'Konsequenz a kënnegen un an d'Oppositioun ze goen. Déi riets-national AfD zitt mat 13,5 Prozent fir d'éischte Kéier an de Bundestag an.

auto_stories

3 min

D'Angela Merkel um Owend vun der Wahl am Konrad-Adenauer-Haus zu Berlin

Bei der Bundestagswahl hu sech CDU an CSU däitlech duerchgesat. Iwwer zéng Prozentpunkten Avance hunn d'Uniounsparteien vum Angela Merkel op d'SPD, déi mat 20 Prozent fir déi drëtte Kéier just zweetstäerkst Kraaft gëtt. Fir d'Sozialdemokraten ëm de Martin Schulz ass dëst dat schlechste Resultat an der Parteigeschicht.

Fir d'éischte Kéier no 1945 wäert an der nächster Legislaturperiod iwwerdeems eng Partei am Parlament setzen, déi um politesche Spektrum riets vun der CDU/CSU aklasséiert gëtt. Mat 13,5 Prozent zitt d'AfD fir d'éischte Kéier an hirer Geschicht an de Bundestag an. Am Oste vun Däitschland krut déi riets-national Partei ronn 21,5 Prozent vun de Wielerstëmmen a Wäert ongeféier 89 Sëtz am Parlament kréien.

Siwe Parteien am nächste Parlament

D'Bündnis90/Die Grünen an Die Linke hunn mat 9,5 respektiv 9 Prozent liicht am Verglach zu de leschte Wahlen zougeluecht. (2013: Gréng 8,4; Lénk 8,6 Prozent). Nees zréck am Parlament ass wéi erwaart och d'FDP. Déi liberal Partei kënnt op 10,5 Prozent a mécht no enger Legislaturperiod Auszäit e Retour op Berlin.

SPD geet an d'Oppositioun

Direkt no der Verëffentlechung vun den éischte Prognosen huet d'SPD-Spëtzt ugekënnegt, et hätt een de Message vum Wieler verstanen. Als Konsequenz wëllen d'Sozialdemokraten an d'Oppositioun. Déi Grouss Koalitioun mat CDU/CSU dierft deemno net weidergefouert ginn. De Martin Schulz sot viru senge Supporteren am Willy-Brandt-Haus zu Berlin, trotz der gudder SPD-Aarbecht an der leschter Legislaturperiod hätt een déi traditionell Wielerbasis net kënnen halen.

"Haut ass ee schwéieren an e batteren Dag fir déi däitsch Sozialdemokratie. Ech wëll net drëm rëm rieden, mir hunn eist Wahlziel verfeelt. No der Defaite, déi mir an eisem Kärland, a Nordrheinwestfalen, haten, hu mir elo och d'Bundestagswahle verluer."

Weider sot de Martin Schulz: "Haut geet d'Zesummenaarbecht mat der CDU/CSU op en Ënn."

Donieft kënnt just eng Koalitiounsoptioun op genuch Sëtz am Parlament - Jamaika, also CDU/CSU, FDP an d'Bündnis90/Die Grünen. Den aktuelle Prognose no hätten déi dräi Parteien 348 Sëtz, gebraucht ginn 316. Schwaarz-giel oder schwaarz-gréng eleng kritt keng Majoritéit. An de leschte Wochen gouf oft d'Fro gestallt, op FDP an déi Gréng zesumme kéinte funktionéieren. Et géif een sech jiddefalls op Koalitiounsverhandlungen aloossen, wann ee géif gefrot ginn, sot dozou de Winfried Kretschmann, grénge Ministerpresident vu Baden-Württemberg

Allerdéngs hu sech gëschter Owend d'Spëtzekandidaten vun de Gréngen an der FDP net onbedéngt ëm d'Regierungsverantwortung gedréckt. De Christian Lindner, FDP, sot et géif een sech vun der SPD net an eng Regierung zwénge loossen - dat nodeems hien méintlaang am Wahlkampf senge Supportere sot, déi Liberal wéilten zréck an d'Regierung.

Net evident dierft och d'Zesummenaarbecht vu Gréngen an CSU ginn. Nach um Wahlsonndeg huet den CSU-Parteichef Horst Seehofer gefuerdert, et misst een "de Sputt zum rietse Bord iwwerwannen". Fir déi Gréng sinn esou Positiounen net ze droen, sot d'Spëtzekandidatin Katrin Göring-Eckardt. Et géife wuel schwéier Verhandlunge ginn, eng Koalitioun u sech kéint ee sech awer virstellen.

Wahlbedeelegung geklomm

D'Wahlbedeelegung ass am Verglach zu 2013 an d'Luucht gaangen. Ronn 75 Prozent vun den Däitsche sinn haut an d'Wahlbüroe gaangen (2013: 71,5%; 2009: 70,8%).