Radioen

On air

Resonanzen  |  Nei Releasen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mënscherechter: D'Regierung hofft op eng europäesch Léisung

Mënscherechter an Entreprisen

Mënscherechter: D'Regierung hofft op eng europäesch Léisung

Lëtzebuerg huet am Dezember säin zweeten nationalen Aktiounsplang fir de Respekt vun de Mënscherechter an den Entreprisen ugeholl. Et geet ënner anerem drëms Kanneraarbecht oder Sklaverei ze ënnerbannen, zum Beispill bei der Hierstellung vu Wueren, déi importéiert an zu Lëtzebuerg verkaaft ginn. Déi Reegele gëlle vun der Epicerie bis bei Multinationale mat Siège zu Lëtzebuerg.

auto_stories

3 min

Deen Aktiounsplang geet verschiddenen ONGen awer net wäit genuch. Si fuerderen en neit Gesetz, dat d'Entreprisen obligéiert drop opzepassen, datt d'Mënscherechter duerch hir ganz Veraarbechtungsketten erduerch agehale ginn. Am Koalitiounsaccord steet, dës Optioun géif gepréift. Den Ausseminister Jean Asselborn war de Mëttwoch an déi zoustänneg Chamberkommissioun fir ze diskutéieren.

D'Lëtzebuerger Regierung wéilt am léifsten eng europäesch Léisung. De Jean Asselborn setzt op déi däitsch Presidence, déi am Juni d'Rudder am Ministerrot iwwerhëlt, fir se ze negociéieren. Et géifen och verschidde Ministeren an d'Richtung vun enger europäescher Legislatioun drécken, mee et géif dem Jean Asselborn no elo net duergoen, datt ee just géif waarden.

En attendant datt sech erausstellt, ob der däitscher Presidence en Accord geléngt, soll d'Uni eng Etüd maachen, fir d'Vir- an d'Nodeeler vun engem separaten Lëtzebuerger Gesetz ze préiwen. Dat ass keen Engagement e Lëtzebuerger Gesetz ze maachen, wann et keen europäescht gëtt. An der Chamber ginn d'Meenungen tëschent de Parteien auserneen, ob ee selwer soll legiferéieren.

Gusty Graas: Ofweien tëschent Mënscherechter a Kompetitivitéit

De Gusty Graas vun der DP mengt, datt et net vill Wäert hätt, wa Lëtzebuerg eleng eng Initiativ géif huelen. Dat hätt d'Beispill vu Frankräich gewisen, wou et en nationaalt Gesetz géif, esou de Gusty Graas. "Mir hunn natierlech hei zwee Aspekter ze consideréieren, engersäits de Volet effektiv Mënscherechter an anersäits a wéi wäit d'Betriber da kompetitiv bleiwen."

D'CSV ënnerstëtzt der Regierung hir Demarche, fir sech op EU-Niveau fir eng gemeinsam Léisung staark ze maachen. De Claude Wiseler ass och skeptesch, wéi sech en nationaalt Gesetz géif duerchsetze loossen, wéinst de limitéierte Méiglechkeete fir de Betriber hir Aktivitéiten am Ausland ze kontrolléieren.

Well mir hunn zwee oder dräi Beispiller am Ausland, wou aner Länner eng Gesetzgebung hunn, a wou mer feststellen, datt déi Gesetzgebungen, ausser datt se um Pabeier stinn awer Null Effikassitéit hunn, well d'Kontrollméiglechkeet fir d'Entreprisë fir am Ausland eppes ze kontrolléieren iwwerhaapt net gi wier.

David Wagner: Lëtzebuerg muss sech beweegen

Den David Wagner, Deputéiert vun déi Lénk gesäit dat ganz anescht. "Wann ee permanent op de Level-Playing-Field spillt, da komme mer jo net weider. Well dat heescht jo, datt mer iergendwéi waarden, datt déi aner sech beweegen."

Hien ass der Meenung datt ee legiferéiere misst, an datt een och gräifbar Gesetzer misst fannen. Där Meenung ass och de gréngen Deputéierte Charles Margue, deen all Initiativ Richtung Gesetzgebung ënnerstëtzt. Hie wier ongedëlleg an d'Politik wier elo gefrot. "Dofir wäerten déi Däitsch wärend hirer Presidence méi aktiv ginn. Well de Goodwill huet net déi Friichte gedroen, déi ee sech erhofft hat", sou de gréngen Deputéierten.

Charles Margue: Net op d'Brems drécken

De Charles Margue mengt och, datt schonn eng Rei Problemer duerch Amendementer u Gesetzer, déi bestinn, ze reegele wier. Hie wéilt sech um hollännesche Beispill a Punkto Kanner- an Aarbechtsrecht inspiréieren, oder alternativ um brittesche Slavery Act.

De gréngen Deputéierten ass am Géigesaz zu anere Politiker iwwerzeegt, datt och national Gesetzgebungen eng Wierkung hunn.

"Ech hu mat enger Partie grousse Betriber geschwat, déi franséisch baséiert sinn. Déi hu sech déi Kompetenze ginn, déi hunn eng Obligatioun a Frankräich ze publizéieren, wat se maachen. Mir sollten do net fäerten, mir sollten exemplaresch virgoen an net op d'Brems trëppelen. Dat gëtt eis e kuerzfristege Virdeel an e laangfristegen Nodeel."

Hie fuerdert och, datt d'Regierung an deene Betriber, wou si Aktionär ass, kloer Consignë gëtt, d'Mënscherechter op allen Niveauen anzehalen.