Meisch: et gëtt e Konzept fir Dräibuer

Ze soen datt et op pedagogeschem an therapeuteschem Plang absolut kee  Konzept hannert der neier Sécherheetsunitéit zu Dräibuer gëtt, géif definitiv net der Realitéit entspriechen, esou de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, de Claude Meisch no enger Kritik vun der Mënscherechtskommissioun. Et géif ganz kloer e Konzept ginn, an zwar fir de ganze Site vun Dräibuer, esou de Minister.

D’ Kritik, datt d’Kapazitéit vun dëser Unitéit mat 12 Jugendlecher ze kleng wär, léisst de Minister och net gëllen. Bleift juristesch alles beim Aalen, géif dës Kapazitéit méi wéi duergoen.

Datt d’ Gebai esou no beim Erzéiungszenter zu Dräibuer steet, bedauert de Claude Meisch awer. Datt och ëmmer Jonker zu Schraasseg sëtze wär en Zoustand deen net méi haltbar wär. Do misst een den Avis vum Staatsrot iwwert d’Fonctionnementsgesetz ofwaarden.

Lauschtert hei de Bäitrag vum David Winter

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen