Eng fënnef Stonne laang hu sech gëschter Owend d'EU-Staats- a Regierungscheffen op enger Videokonferenz iwwer d'Situatioun en vue vun der Corona-Pandemie ausgetosch. D'Bannegrenze missten opbleiwe fir de Fonctionnement vum EU-Bannemarché ze garantéieren, esou de Michel. Allerdéngs kéinten net-essentiell Reesen deels ageschränkt ginn.
Mesurë mussen ofgestëmmt sinn
D'Europäesch Kommissioun géif beim Astufe vun den Infektiounszonen eng nei Kategorie aféieren, sot d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen. Regioune mat besonnesch héijen Infektiounstauxe géifen als donkel rout agestuuft an heifir géifen da schonn déi nächst Woch geziilt Mesurë proposéiert ginn.
Generell missten d'Mesuren openeen ofgestëmmt ginn - zum Beispill tëschent Nopeschregiounen. Wann een op där enger Säit ee strenge Lockdown huet, an op där anerer d'Geschäfter op sinn, da suergt een dofir, datt de Virus sech méi staark verbreet, esou d'Kommissiounscheffin.
Sequenzéierung vum Virus
Et misst och nach méi getest ginn a méi Analysen iwwer d'Sequenze vum Virus gemaach ginn, fir méi iwwer d'Verbreede vun deenen neie Variante gewuer ze ginn, esou och nach d'Ursula von der Leyen.
Zil ass et, dat bei op d'mannst fënnef Prozent vun de positiven Tester ze maachen. Am Ablack leien déi allermeescht Memberstaaten do däitlech drënner. Just zwee vun hinne kommen op zéng Prozent - Lëtzebuerg gehéiert dem Premier Xavier Bettel no do dozou.
Iwwer ee méiglechen Impf-Certificat gouf och geschwat. Dozou gouf an der Haaptsaach festgestallt, datt nach ze vill Saachen onkloer sinn, fir Konsequenzen iwwer d'Rechter ze zéien, déi mat esou engem Certificat verbonne wieren.