Méi staatlech Interventioun um Wunnengsmaart néideg

Fir de Problem vun den ëmmer méi héije Präisser um Wunnengsmaart an de Grëff ze kréien, a fir fräi Terrainen ze mobiliséiere, muss de Staat méi intervenéieren. Dat war eng vun de Konklusiounen den 3. Oktober an enger 100,7-Analyse. Am Kader vum zukënftege sektorielle Plang “Logement” si 520 Hektar u Bauflächen virgesinn. 2/5 leien am aktuellen Bauperimeter.

“Fir déi Terraine kann een als läscht Optioun op d’Expropriatioun zréckgräifen, sou wéi dat am Landesplanunggesetz virgesinn ass”, seet de Wunnengsbauminister Marco Schank. Allerdéngs ginn et do juristesch Froen déi nach net gekläert sinn. Ewéi zum Beispill de Präis, deen de Proprietaire soll kréie wann et zu enger Enteegenung wéinst “interêt public” kënnt.

Weider Mëttel sinn Taxen op fräien Terrainen, "déi awer missten um nationale Plang festgeluecht gi, fir ze verhënneren datt Buergermeeschter ënner Drock kenne gesat ginn", esou den Direkter vun der Société nationale des habitations à bon marché, de Guy Entringer.

Gréisser Ënnerscheeder an de Wahlprogrammer ginn et wat d’Erweiderung vum Bauperimeter ugeet. Déi Gréng wëllen eng Erweiderung verhënneren. Et misst ee méi dicht bauen an nei Wunnformen ubidden. D’LSAP an d’CSV wëllen de Bauperimeter erweidere, sou wéi den Plan sectoriel “Logement” dat virgesäit.

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen