Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Schnelltester an der Schoul

Regierungsrot

Méi Schnelltester an der Schoul

An de Schoule gëtt de Rhytmus vun de Schnelltester eropgesat. Dat gouf haut am Regierungsrot decidéiert ginn, sot eis den Educatiounsminister Claude Meisch. D'Regierung reagéiert domat op d'Hausse vun den Infektiounszuelen an de Schoulen, dat besonnesch am Fondamental, wou ee lo déi selwecht Inzidenz erreecht hätt wei virun engem Joer.

auto_stories

2 min

Am Fondamental ginn dofir elo d'Kanner dräi Mol amplaz zwee Mol an der Woch getest. Am Fall wou et e positive Fall an enger Klass gëtt, ginn d'Schüler all Dag getest.

Generell Maskeflicht an der Schoul net noutwenneg

Mat dëser Mesure wéilt ee probéieren d'Inzidenz niddereg ze halen. Eng generell Maskeflicht an de Schoule wier awer weider net noutwenneg, seet de Claude Meisch:

"Ab engem éischte Fall an enger Klass ass och wärend enger Woch laang Maskeflicht. Dat reegelt sech eigentlech vum selwen. Do wou manner Covid ass, ass manner Mask an do wou méi Covid ass, ass d'Mask méi present. Mir gesinn do net e Grond fir jidderengem d'Mask permanent unzedinn."

Den Educatiounsminister reagéiert och op d'Kritik, datt et un Transparenz feelt.

Weiderhin kee separate Covid-Bilan

E separate Bilan iwwer d'Covid-Situatioun an de Schoulen gëtt weider ausgeschloss. Dat wier dem Claude Meisch no net néideg, well d'Neiinfektiounen am wöchentleche Bilan vun der Santé no Alterskategorie opgeschlësselt wieren. Säi Ministère géif d'Kommunikatioun mat der Schoulgemeinschaft assuréieren:

"Scho beim éischte Schnelltest, dee positiv ass, gëtt déi ganz Klass informéiert, ginn d'Eltere vun den anere Schüler informéiert wat dat fir si bedeit. Wa weider Fäll dobäikommen, och wat dat bedeit. Mir sinn do am permanenten Austausch virun allem a Richtung vun den Elteren. Mir denken awer, datt et hei ëm Gesondheetsstatistike geet, dat do éischter de Gesondheetsministère dat mat a seng Kommunikatioun sollt huelen."

Den Ament leeft d'Iwwerleeung fir eventuell e Covid-Bilan vum gesamten Trimester ze zéien. Dee géif d'Educatioun no der Chrëschtvakanz publizéieren, esou nach de Claude Meisch.