Aus zwee Covid-Gesetzer gëtt eent, an dat féiert nees méi enk Restriktiounen an. De Sven Clement vun der Piratepartei erkläert, datt an deem Gesetz keng Ënnerscheeder méi gemaach ginn "tëschent deem, wat an engem Restaurant geschitt an deem, wat bei engem doheem geschitt". Jiddweree soll sech un déi Consignen halen, et soll een zu manner wéi 20 Leit sinn, a wann ee keng zwee Meter Ofstand kéint anhalen, soll een eng Mask undinn.
Prezisioune fir Caféen
D'Oppositioun kritiséiert, datt och deen neien Text op verschiddene Punkten nach net präzis genuch wier. De Claude Wiseler nennt Beispill vun de Caféen, wou d'Leit virun der Dier stinn, fir mateneen ee Patt ze huelen. Dat si Situatiounen, déi an deene leschten Deeg a Wochen zu Neiinfektioune gefouert hätten. De Claude Wiseler erkläert, datt een doriwwer géif diskutéieren, ob et net misst obligatoresch sinn, dat um Dësch ze maachen.
De Marc Baum vun déi Lénk preziséiert, datt dat e Paradigmewiessel wier. Et misst een och doriwwer diskutéieren, ob d'Amenden dann och fir déi sinn, déi de Feeler géife maachen. E Wiert kéint do net der Police hir Aufgaben iwwerhuelen a responsabel gemaach ginn.
Wéi geet ee mat Verdachtsfäll ëm?
De Marc Baum begréisst och, datt am Verglach mat den aktuelle Covid-Gesetzer Prezisioune geplangt sinn, wat Verdachtsfäll ugeet. Verschiddenes wier "wierklech verbessert" ginn, zum Beispill "déi ganz doutéis Definitioun vun enger Persoun, déi als présumée infectée ass".
Elo wier kloergestallt, vu wéini un d'Quarantän néideg wier, nämlech "vun deem Moment un, wou dee leschten noweisbare Kontakt mat enger infizéierter Persoun do ass". Dat kéint mat sech bréngen, datt d'Quarantän da just op zwee Deeg ugesat wier, amplaz vu wéi bis elo zwou Wochen, erkläert de Marc Baum.
Dat neit Gesetz soll bis Enn September gëllen. Méiglecherweis misst also d'Chamber virun der Rentrée parlementaire nach emol zesummen kommen, wann Preventiounsmoossnamen nach eemol misste verlängert an adaptéiert ginn.