Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi kuerzen Zuchtrajet vu Lëtzebuerg op Saarbrécken

Ëffentlechen Transport

Méi kuerzen Zuchtrajet vu Lëtzebuerg op Saarbrécken

An enger Stonn a 35 Minutte mam Zuch vu Lëtzebuerg op Saarbrécken. Dat kéint dem Mobilitéitsministere no 2035 Realitéit ginn. Stand haut ass déi séierst Optioun fir vu Lëtzebuerg op Saarbrécken ze kommen en direkte Bus vun der Stater Gare aus, mat enger Stonn a 15 Minutten. Zu den Haaptverkéierszäite sinn et awer gäre mol zwou Stonnen. An Zukunft kéint déi aktuell Zuchstreck tëscht Lëtzebuerg-Metz a Metz-Saarbrécke mat manner Arrêten ugefuer gi fir esou d'Dauer vum Trajet - déi am Moment bei bal dräi Stonne läit - ze verkierzen. Nach ass awer näischt an dréchenen Dicher

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Eng Optimisatioun vun der Zuchstreck Lëtzebuerg-Metz-Saarbrécke kéint awer nëmmen da realiséiert ginn, wa sech d'Acteuren aus der Groussregioun géifen eens ginn, erkläert de Raphaël Zumsteeg, Chargé de direction vun der Eisebunnsdirektioun um Mobilitéitsministère.

D'Politik kéint de Wee virginn a "kucken, datt de Wëllen do ass", mee schlussendlech missten d'Eisebunnsgesellschaften déi néideg Pläng ausschaffen an ëmsetzen.

Mobililitéitsministère wëllt sech keng Optioun verschléissen

Och d'Propos vun enger direkter Zuchstreck iwwer Diddenuewen a Bouzonville Richtung Saarbrécke läit den Ament nach um Dësch. De Lëtzebuerger Mobilitéitsministère géif sech där Iddi net verschléissen, mee déi Streck wier aktuell deelweis eegleiseg an och net elektrifizéiert, wat Investiounen an d'Infrastruktur néideg géif maachen.

"Dono muss déi Etüde weisen, de Potentiell vu Leit déi kënne matfueren an d'Fuerzäiten. Well wann der vill Leit wëllt mathuelen, bleift der méi oft stoen an dann ass d'Fuerzäit och méi schlecht."

Eng weider Propos déi virun enger Partie Joren ëmmer nees opkomm wier, wier déi vun eng direkter Zuchstreck vu Lëtzebuerg op Saarbrécken iwwer Éiter a Bouss. Déi Méiglechkeet wier awer schonn eleng aus Käschtegrënn relativ onwarscheinlech, mengt de Raphaël Zumsteeg, well zwee Drëttel vun der potentieller Streck géifen duerch en Tunnel féieren.

Zuchstreck iwwer Metz am realisteschsten

Déi scho bestoend Zuchstreck iwwer Metz kéint sech deemno als déi realisteschst Optioun erausstellen. Bis et esouwäit ass, mussen d'Passagéier a virun allem Pendler sech awer nach zwielef Joer gedëllegen. Et wier nämlech net nëmmen eng Fro vun der Infrastruktur. Et misst och nach gekläert ginn, wie wat bezilt, erkläert de Chargé de direction vun der Eisebunnsdirektioun um Mobilitéitsministère.

"Wann een am Regiouneverkéier ass, kënnen d'Länner oder d'Regioune kucke fir mat contrats service public ze schaffen, ma esou bal mer an enger Autonomie commerciale sinn, do mussen d'entreprises ferroviaires ënner sech kucken, wéi rentabel sinn déi Strecken an déi Zich déi gefuer ginn. Déi musse sech nämlech selwer droen."

Déi concernéiert Acteuren aus Lëtzebuerg, der Regioun Grand Est an aus dem Saarland géifen iwwerdeems nach dëst Joer zesummekomme fir e konkrete Plang auszeschaffen, confirméiert de Mobilitéitsministère op eis Nofro hin.