Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Kontroll iwwer Lobby-Reegelen

EU-LOBBYISMUS

Méi Kontroll iwwer Lobby-Reegelen

D'EU-Institutioune si sech eens ginn iwwer gemeinsam Reegelen iwwer den Ëmgang mat Lobbyisten. D'Vergaangenheet huet allerdéngs gewisen, datt se dacks net agehale ginn. D'Aféiere vun enger Kontrollinstanz soll dat änneren.

auto_stories

4 min

D'Opreegung war grouss, wéi 2016 de portugisesche Politiker José Manuel Barroso ee Poste bei der Goldman Sachs Bank ugeholl huet, keng zwee Joer nodeems hien als EU-Kommissiounschef opgehalen hat.

Offiziell war seng "Cooling off"-Period vun 18 Méint ofgelaf. Eng eethesch Enquête, déi deemools vun der Juncker-Kommissioun lancéiert gouf, huet erginn: de fréiere Kommissiounspresident huet net géint d'EU-Reegele verstouss.

Eethikrot als Kontrollinstanz

Déi goufen zanterhier verschäerft, mee Reegele sinn eng Saach, se anhalen eng aner, seet d'Margarida Da Silva vun der ONG Coroporate Europe Obersavtory. An der Vergaangenheet wieren eng Partie problematesch Fäll einfach duerchgewénkt ginn.

"Eigentlech gëtt zu bal allem Jo gesot. D'Konditioune sinn am Genre 'Du solls dengem neie Patron däi Wëssen, dat s de als Employé vun den EU-Institutioune krus, net zur Verfügung stellen'. Dat ass onrealistesch. Et keng Garantie, datt esou eppes agehale gëtt, an et gëtt kee System, deen dat kontrolléiert."

Een onofhängege Gremium, eng Zort Eethikrot, gëtt gebraucht, fir déi Roll ze iwwerhuelen, sou d'Conclusioun, déi och eng Partie Europadeputéiert zéien.

D'Europäesch Kommissioun ass och dofir. D'Vizepresidentin Věra Jourová krut offiziell vun der Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen den Optrag, esou ee Gremium op d'Been ze setzen. "Mir sinn dofir, een onofhängegen inter-institutionellen eethesche Rot op d'Been ze setzen, deen iwwer d'Membere vun den Institutioune waacht, déi d'EU politesch representéieren", esou d'Věra Jourová déi lescht Woch op enger Konferenz.

Aktuelle System ass oniwwersiichtlech

Dat neit Gremium sollt also zoustänneg si fir déi dräi EU-Institutiounen: Kommissioun, Parlament a Conseil (an deem d'Memberlänner representéiert sinn).

Den Ament hunn déi dräi zimmlech ënnerschiddlech Approchen, esou d'Věra Jourová. Déi gëllt et, iwwereneen ze kréien. An et gëllt och ze verhënneren, datt et zu double Emploi kënnt - par rapport zu de Gremien, déi et scho gëtt, wéi dem Anti-Korruptiounsbüro Olaf, dem Europäeschen Ombudsmann oder der Cour des comptes. Och d'Onofhängegkeet vun den eenzelen Institutioune muss respektéiert ginn, esou d'Kommissärin.

Den aktuelle System ass ze fragmentéiert, dat ass och eng vun de Conclusiounen, déi den Alberto Alemanno, Professer fir Europäeschen Droit op der École des hautes études commerciales de Paris (HEC) - a senger Etüd mécht.

Hie confirméiert och, datt et schwiereg ass Sanktiounen, souwäit se iwwerhaapt virgesi sinn, duerchzesetzen. En plus wéissten ze mann Leit an den EU-Institutiounen iwwerhaapt iwwer déi Reegele Bescheed.

Eng Instanz ze hunn, déi fir all d'Institutiounen zoustänneg ass, kéint hei fir méi Kloerheet suergen, seet den Alberto Alemanno.

"De Gremium géif d'Standarden net veränneren, mee sécherstellen, datt se besser, op eng méi eenheetlech an legal previsibel Manéier, ëmgesat ginn, wéi haut."

Am Dezember ware sech Parlament, Kommissioun a Conseil no jorelaange Verhandlungen op eemol eens ginn, iwwer nei Reegele fir den Ëmgang mat Lobbyisten. An Zukunft gëllt fir déi dräi Institutiounen, datt d'Lobbyisten enregistréiert musse ginn, éier se sech mat Vertrieder treffen.

Deen europäeschen Transparenz-Regëster soll op si fir aner Institutiounen, déi do wëlle matmaachen.

Lëtzebuerg huet nach kee Lobbyregëster

Déi nei Reegele si gutt, mee net fir all Institutioun d'selwecht, kritiséiert awer de gréngen Europadeputéierte Sven Giegold.

Wärend am Parlament an an der Kommissioun effektiv d'Reunioune mat Lobbyiste musse public gemaach ginn, ass dat bei de Reuniounen am Conseil - wou d'Vertrieder vun de Memberlänner matenee schwätzen - net de Fall.

Hei géifen déi méi streng Reegele just wärend där Zäit ugewant, an där ee Land d'EU-Presidence huet.

"Die Mitgliedländer wollen weder auf nationaler, noch auf europäischer Ebene, transparent machen, mit wem sie eigentlich in der Gesetzgebung zusammenarbeiten. Da ist noch ein langer Weg vor uns."

Op dee Wee wollt sech och Lëtzebuerg maachen. D'Regierung hat an hirem Koalitiounsvertrag versprach, d'Schafe vun engem Regëster vu Lobbyiste mat Afloss op legislativ Prozeduren ze iwwerpréiwen, fir fir méi Transparenz ze suergen.

Datt et bis elo keen esou ee Regëster zu Lëtzebuerg an och kee Gesetz iwwer Lobbyismus gëtt, hat d'EU-Kommissioun am September zejoert an hirem Rapport iwwer d'Rechtsstaatlechkeet kritiséiert.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.