Radioen

On air

Notturno  |  The Soft Pink Truth - Wanna Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Kompetenze fir d'Pecherten: Déi Lénk si "ganz skeptesch"

Sécherheet an der Stad Lëtzebuerg

Méi Kompetenze fir d'Pecherten: Déi Lénk si "ganz skeptesch"

Déi Lénk sinn net iwwerzeegt, datt d'Pecherte kënnen hëllefe fir d'Sécherheet an der Stad ze stäerken. D'Inneministerin Taina Bofferding hat d'lescht Woch proposéiert d'Kompetenze vun den Agents municipaux ze vergréisseren.

auto_stories

2 min

De Guy Foetz, Gemengeconseiller vun Déi Lénk mengt, datt déi Propos awer net an déi richteg Richtung géif goen. "Déi Agents municipaux missten da jo Aufgaben iwwerhuelen, déi jo eigentlech d'Police beoptraagt ass ze maachen." De Guy Foetz ass "ganz skeptesch", datt déi Leit e Problem léise kéinten, deen d'Police momentan "net wëllt oder ka léisen".

Déi Lénk si strikt dogéint, datt privat Sécherheetsleit am Garer Quartier patrulléieren. Fir d'Sécherheetsgefill ze stäerke misste méi Polizisten agestallt ginn, an déi sozial Hëllëfsoffere missten ausgebaut ginn, esou de Guy Foetz.

Oppositiounsparteie wëllen den Ament net virun d'Verwaltungsgeriicht

Déi Stater Oppositiounsparteien LSAP, déi gréng an déi Lénk halen den Asaz vu private Sécherheetsfirmen am ëffentleche Raum am Garer Quartier weiderhi fir illegal. Viru Geriicht zéie wëllen déi dräi Oppositiounsparteien am Moment awer net, seet de Guy Foetz.

D'Verwaltungsgeriicht géif lues schaffen, esou de Gemengeconseiller vun Déi Lénk. "Wa mer virun dat Geriicht géife goen, da géif warscheinlech an engem oder an zwee Joer en Urteel kommen. Dat léisst déi Situatioun net, déi mer elo hunn."

Ganz ausschléissen, datt ee virun d'Verwaltungsgeriicht geet, wëllt de Guy Foetz awer net. "Et wier eng Optioun, wann et wierklech esou weidergeet." Et misst ee sech dat awer nach iwwerleeën, well och e Käschtepunkt domat verbonnen ass.