Radioen

On air

De Weekend  |  Luk. - Crack Feat. Jast & Skuto

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Diskriminatioune wärend der Pandemie

Patrick Hurst

Méi Diskriminatioune wärend der Pandemie

De Centre d'égalité de traitement (CET) huet zejoert 203 Plainten traitéiert, dat sinn der méi ewéi dat Joer virdrun. D'Pandemie huet och Diskriminatioune mat sech bruecht.

auto_stories

3 min

Patrick Hurst. Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


De Centre d'égalité de traitement,ass zoustänneg fir Diskriminatiounen ze bekämpfen déi et op Grond vum Handicap, der Rass, der sexueller Orientéierung, dem Alter oder dem Glawe gëtt.

Nei Diskriminatioune wéinst Pandemie

Fir d'Joer 2020 huet den CET 184 nei Demanden agereecht kritt. Am ganzen goufen 203 Dossieren zejoert traitéiert, ee Rekord fir déi Institutioun. Eng Majoritéit vun den Dossiere goufe vu Persounen iwwerreecht, déi méi ewéi 51 Joer al sinn. Ewéi dat Joer virdrun steet den Handicap un der Spëtzt mat 49 Fäll, dono kommen déi ethnesch Originnen.

D'Pandemie hat och ee groussen Afloss op d'Aarbecht vum CET, seet de President vum Zenter, de Patrick Hurst.

"30 Plainten déi direkt mat der Covid19 Kris ze dinn hunn, goufen deponéiert. Ënner anerem hu Läit sech diskriminéiert gefillt wéinst engem Problem ëm den Zougang zu den Tester, der Test-Strategie, wou Informatiounen nëmmen deelweis accessibel waren. Problemer gouf et och wéinst der Maskeflicht, well verschidde Persounen mat Gehéierproblemer, normalerweis vun de Lëpse liesen. Vill Leit waren dowéinst am Alldag deroutéiert."

Diskriminatioun wéinst Stereotyppen

Fir nei Acteuren ze rekrutéieren hat eng Lëtzebuerger Produktiounsfirma an enger Annonce no Persounen mat afrikaneschen Origine gesicht fir an der Serie Capitani d'Roll vun Dealer ze spillen. De Problem vun den Stereotyppe géif nach ëmmer bestoe bleiwen, bedauert de Patrick Hurst.

"Ech mengen dat ass effektiv ee Beräich, wou een nach gesäit, datt nach ëmmer Villes vereinfacht gëtt. Dat ass sou eng Serie, déi vu jiddwerengem gekuckt gëtt, sief et op Netflix oder op RTL, wou een och misst mam gudde Beispill virgoen an eben op esou Stereotyppe muss verzichten. Wann een Dealer duergestallt gëtt, da gëtt nach ëmmer op Stereotyppen zeréckgegraff vum Afrikaner etc. Et ginn och vill Saachen, déi een an den Job-Annonce gesäit, wou eben och heiansdo eng Sekretärin gesicht gëtt oder eng jonk Persoun oder eng al Persoun. Et sinn dëst Stereotyppen, wou mir eigentlech wëllen dogéint ugoen. Mir intervenéieren dann andeems mer ee Bréif schreiwen un déi jeeweileg Partei. Et gëtt och eng Broschür op eisem Internetsite "Annoncer sans discriminer", wou ee gutt Beispiller ka noliesen fir eng neutral Annonce opzestellen."

Den CET ass geplënnert

De Centre d'égalité de Traitement ass an d'Mënscherechtshaus geplënnert. Zesumme mam Ombudsmann, der Mënscherechtskommissioun an dem Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher, kënnen déi Institutiounen verschidde Strukture mutualiséieren.

De Centre d'égalité de traitement ass zanter e puer Joer un d'Chamber rattachéiert a krut méi Mëttel fir kënnen d'Aarbecht ze leeschten.