De Pieyre-Alexandre Anglade schafft am EU-Parlament a këmmert sech do ëm déi europäesch Affairen. "Ech hat ëmmer groussen Interessi um ëffentlechen a politesche Liewen, mä ech hu mech ëmmer aus enger Partei erausgehalen." Mam Fonctionnement vun den traditionelle Parteien hätt hie sech ni kéinten identifizéieren.
Den 30 Joer ale Politiker gesäit sech selwer als engagéierten Europäer a gleeft un den europäesche Projet. Dee Grupp, deen op europäeschem Niveau am meeschten un dëse Projet gleeft ass dem Pieyre-Alexandre Anglade no d'Fraktioun vun der Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa. Dowéinst dirigéiert hien den Ament och de Büro vum Vize-President vun der ALDE an EU-Parlamentarier, dem Pavel Telička.
An den Hänn vu Populisten
"Europa gouf zënter 15 Joer vun deene Parteien am Stach gelooss, déi et hätte misse verdeedegen. Europa gouf de Populisten an d'Hänn geluecht. Si gleewen net un den europäesche Projet, mä si zerwéiere sech un Europa fir alles z'instrumentaliséieren, dat an der EU schlecht funktionéiert." De Pieyre-Alexandre Anglade ass der Meenung, datt alles wat an engem bestëmmten EU-Memberstaat falsch leeft, seng eege Responsabilitéit ass an net der ganzer EU hir.
"La République En Marche" wier eng Partei, déi Leit aus dem mëtt-lénken a mëtt-rietse Lager géing vereenegen. Dobäi kéimen Ekologisten an eng gutt Partie Leit aus der Zivilgesellschaft. "Haut kann ee keng Politik méi just ënnert sech maachen. Et ass immens wichteg, datt sech och Leit aus der Zivilgesellschaft fir dat politescht Liewen interesséieren. Ech gehéieren engem Mouvement un, dee versicht, d'Spaltung an der Gesellschaft opzeléisen.
Politesche Programm
Op sengem Flyer fir d'Legislativwahlen a Frankräich gesäit een de Pieyre-Alexandre Anglade nieft dem franséische President. A sengem Programm iwwerhëlt hien d'Grondzich aus dem Emmanuel Macron sengem Programm. "Wann ech dëse Sonndeg gewielt ginn, wëll ech d'Fransousen aus deene verschiddene Bezierker regelméisseg a sougenannte Biergerreuniounen zesummebréngen. Dat wieren Aarbechtsatelieren an deenen zesummen u wichtegen Themen, wéi zum Beispill iwwer Europa, d'Gesondheet, d'Ëmwelt, déi grenziwwerschreidend Mobilitéit, awer och de Steiersystem diskutéiert gëtt. Ech wëll net, datt just een Deputéierten op d'Plaz kënnt an erkläert, wat hie mécht." Donieft soll et och ëm de franséischen Educatiounssystem goen, wat fir d'Fransousen an deenen ënnerschiddleche Bezierker och eng grouss Roll spillt.
Chômage: E groussen Defi fir Frankräich
Mat sechs Millioune Chômeure wär den Emploi déi wichtegst Erausfuerderung fir Frankräich, esou de Pieyre-Alexandre Anglade. All d'europäesch Länner hätten néideg Reforme vum Aarbechtsmaart gemaach. Elo wär et u Frankräich, fir säin Aarbechtsmaart ze flexibiliséieren, seet den 30 Joer ale parlamentaresche Mataarbechter vum liberalen, tschecheschen Europadeputéierte Pavel Telička. D'Léisung wär net ëmmer méi Staatsdefizit an eng héich Besteierung fir déi ganz Populatioun.
Am zweeten Tour e Sonndeg trefft de Pieyre-Alexandre Anglade op d'Sophie Rauszer vun der lénker "La France insoumise". D'Kandidatin vun der Gauche krut am éischten Tour 11% vun de Stëmmen.