Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi aktiv gi géint Antisemitismus

HOLOCAUST-COMMEMORATIOUN

Méi aktiv gi géint Antisemitismus

Déi 35 Länner vun der Internationaler Allianz fir Holocaust-Commemoratioun (IHRA) si sech dës Woch eens ginn, méi géint Antisemitismus ze ënnerhuelen. Schonn 2016 hat d'IHRA eng Aarbechtsdefinitioun ausgeschafft déi hëllefe soll, antisemittesch Aussoen oder Aktiounen ze benennen. Si gouf an Tëschenzäit vun eelef EU-Länner ugeholl. Lëtzebuerg ass nach net derbäi, obschonn d'Chamber schonn am Summer zejoert d'Regierung dozou opgeruff huet.

auto_stories

5 min

De Jean Asselborn op der Konferenz vun der International Holocaust Remembrance Alliance (IHRA). Foto: MAEE

Zur Holocaust-Commemoratioun gehéiert et haut och, der Geschichtsverzerrung entgéint ze wierken. Ëmmer méi, seet d'Directrice vun der Internationaler Allianz fir d'Holcaust-Gedenken, der IHRA, d'Kathrin Meyer.

"Dass gerade auch jungen Menschen diese Relativierungen in den Sozialen Medien als Tatsachen präsentiert werden, ist eine Riesenherausforderung für uns. Diesen massenhaften Falschinformationen zu begegnen, sehen wir als eine der Hauptaufgaben der IHRA an."

Dofir huet déi International Allianz fir d'Holocaust-Commemoratioun (IHRA) eng Aarbechtsdefinitioun ausgeschafft fir ze hëllefen, esou Geschichtsverdréiungen ze detektéieren. Bei der Allianz stinn Experten zur Verfügung, si tausche sech och international aus.

Keng juristesch, mee eng moralesch a politesch Verurteelung

Et geet der IHRA net drëm, juristesch aktiv ze ginn, stellt d'Kathrin Meyer kloer.

"Wir stehen dafür, dass die höchste politische Ebene deutlich macht: das ist nicht in unserem Sinne, diejenigen, die das tun, gehören nicht in unsere Gemeinschaft, das wird nicht geduldet. Das hat nichts mit Meinungsfreiheit oder juristischer Verfolgung zu tun, sondern damit, sich moralisch und politisch ins Abseits zu stellen. Und das muss betont werden von politischen, sozialen und religiösen Leadern."

Net nëmme Geschichtsverdréiungen iwwer den Holocaust, och den Antisemitismus huet an de leschte Jore staark zougeholl. Déi 35 Länner, déi sech der IHRA ugeschloss hunn, wëllen an hirer Deklaratioun, déi e Sonndeg ënnerschriwwe gouf, een Zeeche setzen. Si ruffen dozou op, verstäerkt dogéint virzegoen. Als Hëllef bitt d'IHRA och fir den Antisemitismus eng Aarbechtsdefinitioun un.

"Wir sahen uns in der Pflicht unseren Experten und den Ländern, die das wünschen, ein Werkzeug in die Hand zu geben, das zur Informatioun dienen kann, zur allgemeinen Sensibilisierung beizutragen und hilft, bestimmte Aussagen und Handlungen entsprechend einzuordnen."

Datt an där Definitioun ënner anerem Manifestatiounen an Aussoen ernimmt ginn, déi sech géint de Staat Israel riichten, an déi als Antisemittesch bezeechnen, huet fir Diskussioune gesuergt. Och zu Lëtzebuerg, wou sech de Comité Comité pour une paix juste au Proche Orient zu Wuert gemellt hat.

Israel-Kritik net per se antisemittesch

Dës ONG setzt sech enger eegener Beschreiwung no fir en Enn vun der israelescher Occupatioun vun de palästinenseschen Territoiren a fir d'Rechter vu palästinensesche Refugiéen an. Si gesäit de Risiko, datt Kritik un Israel duerch déi Aarbechtsdefinitioun kéint kriminaliséiert ginn. D'Kathrin Meyer gesäit de Risiko net:

"Die Definition macht deutlich, dass Kritik gegen Israel nicht per se antisemitisch ist. Das ist der eine Punkt und der andere ist, dass wir diese Definition als Arbeitswerkzeug verstehen und nicht als einen Vorschlag zur Legislative und von daher sehe ich da keinerlei Gefahr."

De Georges Santer ass den Ambassadeur vum Grand-Duché bei der IHRA a well Lëtzebuerg grad d'Presidence vun der Allianz huet, och hiren aktuelle President.

Hie fënnt, datt d'Definitioun dacks falsch zitéiert géif ginn a verweist virun allem op d'Beispiller, déi d'IHRA als Illustratioun matgeliwwert huet.

"An engem vun deenen operationelle Paragrafe steet dat Wuert Israel, mee a wéi engem Kontext? An engem negative Kontext steet nämlech do, jiddesch Communautéiten aus eise Länner, aus Lëtzebuerg, der Belsch ... kënnen net verantwortlech gemaach gi fir d'Aktioune vum Staat Israel. Ass dat net eppes ganz Normales?"

16 Länner hunn d'Antisemitismus-Definitioun ugeholl

D'Definitioun gouf bis elo vu 16 Länner ugeholl, eelef dovun aus der EU. Dozou gehéieren nieft Däitschland an Éisträich och Holland an zanter dem Dezember zejoert och Frankräich.

Zu Lëtzebuerg huet d'Chamber am Juli zejoert bal unanime (58 Stëmmen dofir, zwou Enthalungen) dofir gestëmmt, datt d'Regierung d'Aarbechtsdefinitioun iwwerhuele soll. Wou si mer do drun? War d'Fro un de Lëtzebuerger Ausseminister e Sonndeg den Owend, kuerz éier déi nei Deklaratioun vun der Allianz zu Bréissel feierlech adoptéiert gouf:

"Dat ass jo an al Land fräigestallt, a mir mussen ee kloren Ënnerscheed maachen, datt den Holocaust, alles wat d'IHRA mécht, näischt mat der Politik vun der israelescher Regierung ze dinn huet. Dat ass kloer, dat steet och an der Deklaratioun esou dran. A mir als Lëtzebuerger Regierung an déi 35 déi hei sinn, déi si solidaresch mat deene Punkten, déi mir haut hei beschléissen an dat ass eis Marschroute fir d'Zukunft."

Konkret op d'Motioun vun der Chamber ugeschwat, wollt de Minister keng Äntwert ginn.

D'Regierung misst kucken, wéi si elo domat ëmgeet, sou de Georges Santer. Hie bedauert et, datt keng Ausenanersetzung iwwer d'Definitioun mat hire Kritiker stattfënnt.

"Ech hätt ganz gäre mat de Leit wieder diskutéiert. Wa mir méi eng besser Sträitkultur gehat hätten am positive Sënn, dann hätte mir vläicht gesinn, dat eis net esou vill trennt, wéi mir mengen datt eis trennt."

D'Lëtzebuerger Presidence vun der IHRA wier eng gutt Geleeënheet, dës Diskussioun ze féieren, sou de Georges Santer. Déi Presidence dauert nach bis am Mäerz.