Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Villagers - You Lucky One

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Medieministère oppe fir Diskussiounen

Méi Kompetenze fir d'ALIA?

Medieministère oppe fir Diskussiounen

Mir verschléissen eis kenger Diskussioun iwwer d'Moderniséierung. Dat ass d'Reaktioun aus dem Service des Médias op d'Fuerderung vun der Alia, datt all Reguléierungskompetenzen bei hir versammelt ginn - och déi vun den Autorisatiounen a Konzessioune fir Radio an Tëlee.

auto_stories

1 min

Bis elo leit d'Kompetenz fir Radios- an Tëlees-Konzessiounen ze verginn bei bei der Regierung an hirem Service des Médias. Dat war och wéinst de Siègë vun RTL an SES ëmmer e grousse politeschen Enjeu. Op Nofro, wéi de Service des Médias déi Fuerderung vun der Alia gesäit, heescht et, et wier ee bereet fir eng Diskussioun iwwer d'Moderniséierung vum Zougang op de Marché ze féieren. Déi misst awer méi breet gefouert ginn a kéint sech net op d'Fro limitéieren, wien d'Autorisatioun ënnerschreift. Do misst et dann och ëm Critèren an d'Prozedur goen.