Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Devendra Banhart - Love Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mécht eng Datesteier Sënn?

Steierpolitik & Dateschutz

Mécht eng Datesteier Sënn?

D'Jonk Sozialiste fuerderen d'Aféiere vun enger Steier op digital Donnéeën. Op EU- an OECD-Niveau gouf iwwert dës Pist diskutéiert, mä si ass net zréckbehale ginn. D'Fro, wéi d'Steierpolitik un d'Digitaliséierung vun der Ekonomie misst ugepasst ginn, bleift awer aktuell.

auto_stories

5 min

Facebook huet weltwäit ronn zwou Milliarden Notzer: Si luede Fotoen a Videoen op d'Plattform, chatte mat hire Frënn a verroden iwwer hir Klicks vill iwwert hir Interessien. Fir dat soziaalt Netzwierk sinn dës Donnéeë Gold wäert. Net just fir cibléiert Publicitéit ze verkafen, wat zejoert bal 27 Milliarden Dollar erabruecht huet. Déi vill Donnéeën erlaben et och d'Servicer an d'Algorithme méi performant ze maachen.

D'Valeur ajoutée gëtt am digitalen Zäitalter anescht produzéiert - an d'Steierpolitik misst deem Rechnung droen, seet den Nicolas Colin. De franséischen Entrepreneur a fréiere Beamten ass Co-Auteur vun engem Rapport iwwer d'Fiskalitéit an d'Digitaliséierung, deen 2013 am Optrag vun der franséischer Regierung entstanen ass.

Steierpolitik an Dateschutz verbannen

Dës Iddi hunn hei am Land rezent d'Jonk Sozialisten opgegraff. D'JSL fuerdert, datt Lëtzebuerg sech op EU- an OECD-Niveau fir eng Steier asetzt, déi op Donnéeën erhuewe gëtt, déi fir Werbezwecker genotzt ginn. Domadder kéint een och den Dateschutz stäerken a géint d'"Sammelwut" vun den Entreprisë virgoen, seet de Fabio Spirinelli vun der JSL.

Déi Lëtzebuerger Dateschutzautoritéit CNPD huet sech nach net mat der Thematik ausenanergesat - anescht wéi déi franséisch Dateschutzautoritéit CNIL. Prinzipiell géif ee sech der Iddi vun enger Datesteier net opposéieren, seet de Generalsekretär vun der CNIL, Jean Lessi. Wichteg wier, datt d'Steier ee Verhale fërdert, dat kompatibel ass mat den Ziler vum Dateschutz. Et misst ee sech also genee ukucken, wat eng Datesteier an der Praxis bewierkt.

Grondrecht oder Verméigenswäert?

Eng aner grondsätzlech Fro stellt sech: Ass d'Grondrecht vun de Bierger, iwwert hir perséinlech Donnéeën ze verfügen, kompatibel mat der Iddi, datt d'Donnéeën ee Verméigenswäert vun enger Entreprise sinn, dee besteiert gëtt? Jo, seet de Jean Lessi.

Et misst een hei zwou Saachen ënnerscheeden: Engersäits géifen d'Fichieren, déi d'Entreprisë mat de gesammelten Donnéeën zesummestellen, effektiv den Entreprisë gehéieren. Anerersäits géifen d'Bierger dowéinst awer net hir Rechter verléieren. Zum Beispill fir Accès zu hiren Donnéeën ze kréien oder sech géint d'Sammele vun den Donnéeën ze wieren.

Konkret Ëmsetzung?

Wéi d'Besteiere vun Donnéeë genee soll funktionéieren, präziséieren d'Jonk Sozialisten net. Dat missten d'Experte maachen. "Mir hunn als JSL net direkt ee Modell ausgeschafft, ech mengen, dat ass zimlech komplizéiert", seet de Fabio Spirinelli a laacht.

D'Experte bei der OECD hu sech iwwert dës Fro scho Gedanke gemaach an hei ass een éischter skeptesch. Bei der Organisatioun fir Ekonomesch Zesummenaarbecht an Entwécklung ginn d'Beméiunge fir ee méi kohärenten internationale Steiersystem koordinéiert. Den Direkter fir Steierfroen bei der OECD, de Pascal Saint-Amans, weist op e puer Schwieregkeeten hin - zum Beispill fir d'Valeur vun digitalen Donnéeën ze definéieren:

"Ech mengen, datt d'Sammele vun Donnéeën als universell Basis fir d'Besteiere vu Betriber eng Sakgaass ass. Och wann d'Iddi ganz staark ass."

Steiervermeidung am digitalen Zäitalter

D'Digitaliséierung bréngt mat sech, datt Entreprisen an engem Land ekonomesch eng staark Präsenz kënnen hunn, ouni awer ee physescht Standbeen ze hunn. Dat erlaabt et Firme wéi Facebook, Google oder Netflix a ville Länner net op hirem Benefice besteiert ze ginn - obwuel si do vill Notzer hunn.

D'OECD huet 2015 Propose gemaach, fir dee Problem ze léisen. Nämlech andeems d'Definitioun vum "Etablissement stable" un d'Realitéite vun der digitaler Ekonomie géif ugepasst ginn. Dobäi ass den Terme vun der "signifikativer ekonomescher Präsenz" opkomm, sou de Pascal Saint-Amans. Wann eng Entreprise an engem Land zum Beispill ee grousse Chiffre d'Affaire huet, géif dat als "Etablissment stable" consideréiert ginn. An da géifen eventuell Steieren ufalen.

Domadder sinn awer ënnert anerem d'USA a Japan net averstanen an och d'EU ass sech nach net Eens, bedauert de Pascal Saint-Amans. Um leschte G20-Sommet krut d'OECD awer den Optrag, bis d'Fréijoer d'nächst Joer Léisungsvirschléi ze maachen.

Datesteier géint Steiervermeidung?

Fir den OECD-Vertrieder ass awer kloer, datt d'Mass vun Donnéeën, déi eng Entreprise an engem Land sammelt, bei den internationale Verhandlunge keng Roll wäert spillen. Fir esou eng Demarche hat de Pascal Saint-Amans 2013 de Rapport publizéiert, deen den Nicolas Colin mat ausgeschafft huet.

Anescht wéi d'JSL hunn déi franséisch Experten nämlech net fir eng direkt Steier op d'Donnéeë plaidéiert:

"Vill méi geet et drëms ze gesinn, datt Donnéeën eng Roll bei der Wäertschöpfung spillen. Si missten also op déi eng oder aner Manéier an d'Rechnung afléissen, wann et drëms geet, Beneficer vu multinationale Konzerner territorial opzedeelen."

Datt d'OECD déi Optioun net wëll zréckbehalen, kann den Nicolas Colin novollzéien. Bis elo wiere keng serieux Efforte gemaach ginn, fir d'Roll vun digitalen Donnéeën an der Ekonomie ze verstoen an hire Wäert ze bestëmmen.

Just ee politeschen Kommunikatiounstrick?

D'Länner géife wéineg maachen, fir Fuerschung iwwert d'Roll vun den Donnéeën an der digitaler Ekonomie besser ze verstoen, bedauert den Nicolas Colin. D'Thema Datesteier géif vun der Politik an éischter Linn genotzt ginn, fir mam Fanger op e puer grouss US-Konzerner ze weisen - a fir dovunner ofzelenken, datt d'Betribsbesteierung am Fong a villen anere Beräicher reduzéiert gëtt.

Keen Thema zu Lëtzebuerg

D'Datesteier ass zu Lëtzebuerg bis elo keen Thema gewiescht. Et hätt ee wëllen d'Diskussioun iwwert d'Digitaliséierung verdéiwen, déi um leschten LSAP-Kongress gefouert gouf, erkläert de Fabio Spirinelli. De Virstouss kéint d'Mammepartei awer stéieren. Ëmmerhin ass den LSAP-Wirtschaftsminister Etienne Schneider aktuell drëms beméit, datt den US-Internetkonzern Google mat engem Datacenter op Lëtzebuerg kënnt. Déi Coïncidence hätt een a Kaf geholl, seet de Fabio Spirinelli. Ëmmerhi wier d'JSL onofhängeg.

Op Nofro hi wollt de Wirtschaftsministère d'JSL-Propos fir eng Datesteier net kommentéieren. D'Thema schéngt och net op der Regierungsagenda ze stoen. Zum Beispill gëtt am Kader vum Rifkin-Prozess iwwer d'Digitaliséierung vun der Ekonomie iwwer d'Steierpolitik allgemeng diskutéiert, d'Besteiere vun Donnéeën ass dobäi awer net ugeschwat ginn.

De Generaldirekter vum Patronatsverband UEL, de Jean-Jacques Rommes, sot an enger éischter Reaktioun hie wier "éischter skeptesch" géigeniwwer der Iddi vun enger Datesteier.