Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Maurice Bauer: Keen Handlungsbedarf an der Uewerstad

Drogeproblematik

Maurice Bauer: Keen Handlungsbedarf an der Uewerstad

De Maurice Bauer gesäit kee Besoin fir Drogenhëllefsstrukturen an der Uewerstad. D'Haaptproblematik vum Drogemilieu wier nach ëmmer op der Gare, esou de Stater Sozialschäffe vun der CSV.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / Alena.K

Lauschterenplay_arrow


D'Situatioun an der Uewerstad hätt sech effektiv verschlëmmert, gëtt de Maurice Bauer zou. D'Servicer vun der Stad Lëtzebuerg misste vill Dreck ewechmaachen: beim Pirateschëff géifen och vill Sprëtze fonnt ginn.

Och d'Mataarbechter vun den ëffentlechen Toiletten an der Stad géifen änlech Temoignage maachen. "Et sinn eng ganz Rëtsch Leit, déi eis op déi Saachen hiweisen."

Kontrollen op der Gare an zu Bouneweg

Datt d'Drogeproblematik an der Uewerstad méi schlëmm gi wier, wier eng Konsequenz dovun, datt op der Gare an zu Bouneweg méi streng kontrolléiert gëtt, esou de Maurice Bauer.

Wann d'Policepresenz op der Gare géif ofhuelen, géif sech den Drogemilieu erëm op d'Gare zeréckzéien, mengt de Maurice Bauer.

Dat wier "traditionell" de Milieu vun de betraffe Leit, wou si sech auskennen, d'Strukture kennen an och hir Reseauen hunn. "Dat schéngt mir relativ kloer ze sinn", seet de Stater Schäffen.

Drogemilieu ass "traditionell" op der Gare

De Maurice Bauer gesäit d'Haaptproblematik vun der Drogekriminalitéit nach ëmmer am Garer Quartier. Et géif deemno keen Handlungsbedarf gi fir an der Uewerstad nei Hëllefsstrukture wéi den Abrigado ze schafen.

Et wieren zwar vereenzelt Drogendealer an d'Uewerstad komm, mee "hei ass kee Marché", esou de Stater Sozialschäffen.

"Déi grouss Konzentratioun hu mir nach ëmmer op der Gare, dat ass ganz kloer." An der Uewerstad géif et och keng Plaz ginn, wou een en Drogekonsumraum kéint installéieren.

Weider mengt de Maurice Bauer, datt et net sënnvoll wier een Drogekonsumraum an der Uewerstad opzemaachen, well sech dat soss géif institutionaliséieren.

De Maurice Bauer huet keng Angscht, datt de Problem sech an aner Stater Quartiere verlagert, dofir géifen et den Ament keng Indikatioune ginn.

D'Stater Buergermeeschtesch hat rezent annoncéiert, datt vum 1. Juli och an der Uewerstad eng privat Sécherheetsfirma an den Asaz komme soll.