Ronn 60 Prozent vun den Däitschen si bis elo vollstänneg géint de Coronavirus geimpft. Eng Zuel, déi okay ass - mee souwuel hanner den europäeschen Noperen hannendrunhänkt, a virun allem awer, och nach ze niddereg ass, fir eng weider Infektiounswell ze verhënneren.
Virun allem mécht d'Impfquot an Däitschland an de leschte Woche keng wierklech Fortschrëtter méi. Och dowéinst solle mat der bundeswäiter Impfwoch weider Ureizer geschaaft ginn, fir sech impfen ze loossen.
Spontan Impfung ënnerwee
De Prinzip ass einfach: A Supermarchéen, viru Kierchen a Moscheeën, a Busser oder um Futtballterrain. Op 700 Plazen am ganze Land kann ee sech ënner dem Motto "Hier wird geimpft" spontan impfe loossen. Sou soll d'Impfquot a Richtung 75-80 Prozent klammen - op e Niveau, vun deem Experten ausginn, datt e néideg ass, fir eng wieder Well ze verhënneren.
D'Problematik ass an Däitschland wéi op villen anere Plazen och: wie sech aktuell schwéier infizéiert, ass an der Reegel net geimpft. Och den Altersduerchschnëtt vun de Patienten an der Klinik géif weider falen, esou de Lothar Wieler, Chef vum Robert-Koch-Institut.
D'Politik ass jiddefalls positiv agestallt, wat den Effekt vun der Impfwoch ugeet. Tatsächlech géifen Etüde weisen, datt sech vill impf-skeptesch Leit meeschtens awer géifen impfe loossen, wa se eng Opportunitéit dozou géife kréien. Just e klengen Deel, ronn 5 Prozent vun der Populatioun, wiere wierklech haart Impfgéigner.
Net fräi vu Kritik
D'Impfaktioun ass awer net fräi vu Kritik. De Frankfurter Virolog Martin Stürmer sot der ARD, et bräicht nieft der Aktiounswoch virun allem och méi Opklärungsaarbecht. Et wier méi zilféierend, ze kucken, wei eng Populatiounsgruppen sech bis elo net hätten impfe loossen. Dee Punkt gëtt mat der Impfwoch net verfollegt.
Weider Kritik koum och vun der politescher Oppositioun. Déi liberal FDP reprochéieren der Bundesregierung, mat der Aktiounswoch vun hiren eegene Feeler bei der Impfcampagne oflenken ze wëllen. Mat der Impfwoch wéilt d'Regierung ausserdeem ënner engem Virwand en Impfzwang aféieren.
Déi Kritik weist de Jens Spahn iwwerdeems zeréck. Och mat den extra Aktioune vun dëser Woch géif sech um Prinzip vun der Fräiwellegkeet näischt änneren. Wie sech awer net géif impfe loossen, misst dann deementspriechend d'Konsequenze vu sengem Handelen droen.