Radioen

On air

Resonanzen  |  Clarence Cameron White

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mat engem kräischenden A an de Congé collectif"

Bausecteur

"Mat engem kräischenden A an de Congé collectif"

De Kollektivcongé am Bausecteur fänkt iwwermuer un, an dauert bis den 22. August. Och dëst Joer kann op enger Partie Chantieren - wéinst Urgencen - weidergeschafft ginn. Eng Rëtsch Entreprise kruten zum Beispill wéinst dem Héichwaasser a leschter Minutt d'Erlabnis awer am Congé collectif aktiv ze sinn, huet d'ITM de Moie matgedeelt.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Am grousse Ganze gëtt de Summer iwwer op 196 Chantieren uechter d'Land weider geschafft. De Bausecteur ass sou kuerz virum Congé an enger aussergewéinlecher Situatioun, seet de Generalsekretär vum Groupement des entrepreneurs, Pol Faber am 100,7-Interview. Dowéinst kuckt hie mat gemëschte Gefiller op déi nächst Wochen.

Grouss Retarden am Secteur

Imminent ass den Impakt vun den Iwwerschwemmungen op de Bausecteur. Op ville Plaze fale Reparaturen un, déi dringend erleedegt musse ginn. Dozou seet de Pol Faber:

"Well mer awer an de leschten Deeg déi Intemperien haten, gëtt et sécherlech Aarbecht nozehuelen, dat heescht do géif ech soen starte mer éischter mat engem kräischenden Aen an de Congé collectif."

D'Héichwaasser huet eng Partie Derogatioune mat sech bruecht, dréngend Interventioune ginn also och déi nächst Woche gemaach. Trotzdeem: d'Verspéidunge generell um Bau accumuléieren sech, zanter dem Ufank vun der Pandemie - verstäerkt goufen se duerch de Mangel u Baumaterial.

"Déi Retarden si ganz grouss. Wat marchés publics ugeet, do krute mer vum Minister Bausch zougeséchert, datt et kengt Pénalités de retard ginn an datt d'Delaie kennen no hanne verréckelt ginn. Dat ass natierlech am Privatmarché anescht. Do kann een dat net sou soen. An déi Entreprisë leide ganz ferm do drënner."

Dem Bau geet et am Prinzip gutt, d'Optragsbicher si gutt gefëllt. Trotzdeem geet ee beim Groupement des entrepreneurs dovun aus, datt wéinst den aktuelle Retarden an den héije Präisser wéinst Material-Mangel, verschidde Pläng elo mol net direkt realiséiert ginn.

Trotzdeem gëtt et och Hoffnungen am Secteur: nämlech déi datt d'Präisser vum Material sech an den nächste Woche kéinten erhuelen.

Vum Kollektiv-Congé betraff sinn offiziell iwwregens just d'Betriber déi um Bau vu Gebaier a Stroossen aktiv sinn, grad wéi d'Chauffagisten.